
Am zweeten Deel vum 1. Spilldag waren d’Ekippen aus der “Hummergrupp” C am Asaz. D’Bayern haten dobäi keng Problemer, sech bei Mailand duerchzesetzen, a Barcelona huet doheem géint Pilsen keng Zweiwel gelooss. An der Grupp A ass Ajax senger Roll als Favorit am Match géint d’Rangers gerecht ginn, iwwerraschend dogéint war, datt Liverpool bal kee Fouss zu Neapel op de Buedem krut. Ganz wéineg Goler sinn an der regulärer Spillzäit am Grupp B gefall, just een tëscht Bruges a Leverkusen. Am Match Atlético Madrid géint Porto sinn déi dräi Goler an der Nospillzäit vun der 2. Hallschent gefall. Sporting dogéint huet am Grupp D Frankfurt iwwerrascht am Tottenham huet 3 Punkte géint Marseille matgeholl.
Inter Mailand - Bayern München 0:2
0:1 Sané (25'), 0:2 D’Ambrosio (66', sg)
D’Gäscht aus München hu vun Ufank u fir Tempo gesuergt an haten och schonn an den éischte Minutte gutt Chancen, déi si awer net notze konnten. D’Bayern hu vill Drock gemaach a wann Inter mol no vir spille konnt, ware si am Ofschloss net präzis genuch. An der 25. Minutt huet de Sané d’Gäscht fir hir Méi belount, hien huet eng héich pass an d’Déift vum Kimmich perfekt ugeholl, de Onana am Gol vun Inter ausgedanzt an den 1:0 markéiert. Zum Ament vum Gol haten d’Münchener scho siwe Mol op de Gol geschoss, d’Mailänner grad eng Kéier. Iwwerhaapt konnten d’Italiener hirem Keeper scho bal Merci soen, datt si an der Paus net nach méi wäit hanne waren, well den Onana ëmmer nees um Poste war, wann d’Bayern zum Ofschloss koumen.
Am Ufank vun der zweeter Hallschent gouf et wéineg grouss Chancen, ma eng propper scho bal duebel Une-Deux tëscht dem Sané an dem Coman huet no 66 Minutten de Sané fräi virun de Gol bruecht. Seng Virlag fir de Mané gouf dunn awer vum d’Ambrosio onglécklech an den eegene Gol ofgefälscht, esou datt déi Münchener 2:0 an den Avantage gaange sinn. Inter war iwwert de ganze Match virum Gol einfach net geféierlech genuch. No engem Feeler vun der Münchener Defense an der 83. Minutt koum de Ball bei den Correa, deen eleng virum Neuer d’Nerven net behalen huet an de Ball knapp laanscht de Gol geschoss huet. D’Bayern hunn no dësem Tëschefall e bëssen Nerve gewisen, ma Mailand konnt dëst net fir sech ausnotzen. Esou wannen déi Münchener verdéngt mat 2:0 auswäert bei Inter.
FC Barcelona - Viktoria Pilsen 5:1
1:0 Kessie (13'), 2:0 Lewandowsku (34'), 2:1 Sykora (44'), 3:1 Lewandowski (45'+3), 4:1 Lewandowski (68'), 5:1 Torres (77')
Ajax Amsterdam - Glasgow Rangers 4:0
1:0 Alvarez (17'), 2:0 Berghuis (32'), 3:0 Kudus (33'), 4:0 Bergwijn (80')
SSC Neapel - FC Liverpool 4:1
1:0 Zielinski (5',p), 2:0 Zambo Anguissa (31'), 3:0 Simeone (44'), 4:0 Zielinski (47'), 4:1 Diaz (49')
Bei Liverpool huet zu Neapel wéineg geklappt. No 5 Minutten huet den Zielinski vum Punkt markéiert, nodeem de Milner de Ball mat der Hand gespillt hat. No 16. Minutten huet den Arbitter mat Hëllef vum VAR eng weider Kéier op de Punkt gewisen, nodeem de Van Dijk den Del Cerro ëmgeluecht hat. Dëst Kéier war den Alisson awer um Posten an huet de Schoss vum Osimhen gehalen. No enger hallwer Stonn hat hien awer keng Chance géint den Zambo Anguissa, dee schéi vum Zielinski agesat gouf an den 2:0 markéiere konnt. Och ouni Chance war den Alisson an der 44. Minutt, wéi den Kvaratskhelia den Simeone esou fräigespillt huet, datt dëse virum eidele Gol stoung. Esou goung et mat engem 3:0 Avantage fir d’Heemekipp an d’Paus.
Nom Säitewiessel huet den Zielinski per Noschoss scho fréi op 4:0 erhéicht, ma mam Géigenugrëff huet den Diaz aus der Distanz op 1:4 verkierzt. Liverpool hat dono eng Drockphas an och eng Grousschance an der 62. Minutt, ma si hunn de Ball einfach net iwwert d’Linn kritt. Dono hu béid Ekippen et nach weider probéiert, ouni datt awer vill dobäi erausgesprongen ass. Esou wënnt Neapel iwwerraschend héich mat 4:1 doheem géint Liverpool.

Athlético Madrid - FC Porto 2:1
1:0 Hermoso (90'+2), 1:1 Uribe (90'+7,p), 2:1 Griezmann (90'+11)
Club Bruges - Bayer Leverkusen 1:0
1:0 Sylla (42')
Eintracht Frankfurt - Sporting Lissabon 0:3
0:1 Edwards (65'), 0:2 Trincao (67'), 0:3 Santos (82')
Tottenham Hotspur - Olympique Marseille 2:0
1:0 Richarlison (76'), 2:0 Richarlison (81')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.