Champions LeagueBayern München a Juventus Turin stinn an den Aachtelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Rekordchampion huet sech kloer mat 5:2 géint Benfica duerchgesat. An d'Juve huet Zenit 4:2 geklappt.
De Lewandowski no sengem Gol am 100. Match an der Champions League.
De Lewandowski no sengem Gol am 100. Match an der Champions League.
© AFP

Am Grupp E huet sech Bayern München fréizäiteg fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert. Beim 5:2 huet ee Benfica en Dënschdeg den Owend keng Chance gelooss. Am zweete Match gouf et een 0:1 tëscht Dynamo Kiew a Barcelona.

Am Grupp F huet Villarreal mat 2:0 géint Bern gewonnen. Bei Bern souz de Christopher Martins de ganze Match op der Bänk. Donieft hu sech Bergamo a Manchester United een 2:2 gedeelt.

Déi éischt Victoire an der Champions League gouf et fir Wolfsburg am Grupp G. Ënnert dem neien Trainer Florian Kohfeldt huet ee Salzburg mat 2:1 geklappt. Sevilla huet géint Lille mat 1:2 de Kierzere gezunn.

Am Grupp H steet Juventus Turin an den Aachtelsfinallen, dat no enger 4:2-Victoire géint Zenit. Gutt gesäit et hei och fir Chelsea aus. Zu Malmö huet een 1:0 gewonnen.

De Mëttwochowend spillt dee Lëtzebuerger Sébastian Thill mat Sheriff Tiraspol géint Inter Mailand.
Liverpool spillt géint Atletico Madrid, Leipzig géint de PSG an Dortmund géint Ajax Amsterdam.

Déi Partie kënnt Dir och live bei eis um RTL2 kuken.

Resumé Champions League / Reportage Jeff Kettenmeyer

Grupp E

Bayern München - Benfica Lissabon 5:2
1:0 Lewandowski (26'), 2:0 Gnabry (32'), 2:1 Morato (38'), 3:1 Sané (49'), 4:1 Lewandowski (61'), 4:2 Darwin (74'), 5:2 Lewandowski (84')

Eng héich verdéngt Victoire gouf et fir Bayern München géint Benfica Lissabon. Den däitsche Rekordchampion, bei deem de Julian Nagelsmann no senger Corona-Infektioun nees op der Trainerbänk souz, hat de Match vun Ufank un ënner Kontroll an d’Victoire war zu kengem Ament a Gefor. Mann vum Match war de Lewandowski, deen dräi Goler geschoss huet. No dësem Succès stinn déi Münchner scho sécher an den Aachtelsfinallen.

Direkt vun Ufank un hu béid Ekippen en Dënschdeg den Owend de Wee no vir gesicht. Déi éischt richteg geféierlech Chance gouf et fir d’Bayern an der 6. Minutt duerch de Gnabry. De Vlachodimos konnt de Schoss awer paréieren an och den Noschoss vum Lewandowski. E kuerze Schockmoment fir déi favoriséiert Bayern gouf et an der 15. Minutt. De Verissimo hat de Ball nämlech mam Kapp an de Filet gesat. Ma de Gol huet net gezielt, well de Pizzi virdrun am Abseits stoung.

Deen nächste Ball am Filet sollt dann awer den éischte Gol am Match sinn an dee war fir déi Münchner. A sengem 100. Champions-League-Match huet de Lewandowski den 1:0 an der 26. Minutt geschoss. Zu groussen Deeler huet de Gol allerdéngs dem Coman gehéiert. De ganz staarke Fransous hat op Riets de Grimaldi eng weider Kéier schwindeleg gespillt an dunn de Ball mat vill Gefill op den zweete Poto geflankt. Hei huet de Lewandowski just nach missen de Kapp dohinner halen. 6 Minutte méi spéit huet et op en Neits am Gol vun de Gäscht gerabbelt. No Viraarbecht vu Kimmich a Lewandowski huet de Gnabry dat ronnt Lieder zum 2:0 an de Gol gesat.

Nom 0:2 Réckstand huet Benfica probéiert, fir nees e bësse Rou an de Match ze bréngen. D’Portugisen haten et bis dohinner e puer Kéiere fäerdeg bruecht, fir geféierlech ze ginn an dat virun allem duerch Standardsituatiounen. Esou ass hinnen dann och den 1:2 gegléckt. De Morato war et, deen an der 38. Minutt fir Benfica verkierzt huet. Kuerz virun der Paus hat d’Ekipp vum Nagelsmann d’Chance, fir op 3:1 ze setzen, dat nodeems den Arbitter no engem Handspill vum Verissimo op de Punkt gewisen hat. De Lewandowski konnt allerdéngs net verwandelen. De Golkipp vu Benfica hat kee Problem, fir de schwaache Schoss vum Pol ze halen. Mam verdéngten 2:1 fir den däitsche Rekordchampion ass et an d’Kabinne gaangen.

D'Goler aus der éischter Hallschent
No den éischte 45 Minutte stoung et 2:1 aus Siicht vu Bayern.

No der Paus ass dunn awer séier den 3:1 fir d’Bayern gefall. No engem weidere schéinen Zesummespill tëscht de Münchner huet de Sané an der 49. Minutt de Ball an de laangen Eck verwandelt. Et war elo ee ganz eesäitege Match, den FCB huet de Ball a senge Reie gehalen a Benfica krut kaum nach e Fouss op de Buedem. D’Spectateuren hunn duerno dann och net laang op den nächste Gol misse waarden. Nodeems Lissabon eng weider Kéier ze vill Lächer gelooss hat, konnten déi Münchner sech schéin an de Strofraum spillen an do war et nees de Lewandowski, deen de Score op 4:1 gesat huet.

No enger Onuechtsamkeet vun de Münchner konnt Lissabon an der 74. Minutt verkierzen. No engem Feelpass vum Sabitzer konnten d’Gäscht konteren an den Darwin huet den 2:4 geschoss. Ma dat sollt et fir d’Spectateuren nach net sinn. An der 84. Minutt huet de Lewandowski mam 5:2 fir d’Schlussresultat gesuergt.

D'Goler aus der zweeter Hallschent
No 90 Minutten huet Bayern de Match kloer mat 5:2 géint Benfica gewonnen.

Dynamo Kiew - FC Barcelona 0:1
0:1 Fati (70')

De Resumé vum Match Kiew - Barcelona
Barca konnt sech mat 1:0 behaapten.

Grupp F

D'Resuméen aus dem Grupp F
Villarreal huet Bern mat 2:0 geklappt a Bergamo a Manchester United hunn een 2:2 gedeelt.

Villarreal - Young Boys Bern 2:0
1:0 Capoue (36'), 2:0 Danjuma (89')

Fir d’Young Boys Bern gouf et eng weider Néierlag am Grupp F. Mat 0:2 huet ee sech auswäerts misse géint Villarreal geschloe ginn. De Christopher Martins souz bei Bern déi 90 Minutten op der Bänk.

Atalanta Bergamo - Manchester United 2:2
1:0 Ilicic (12'), 1:1 Ronaldo (45+1'), 2:1 Zapata (56'), 2:2 Ronaldo (90+2')

Grupp G

D'Resuméë vum Grupp G
Sevilla huet géint Lille mat 1:2 verluer a Wolfsburg huet Salzburg mat 2:1 geklappt.

Sevilla - Lille 1:2
1:0 Ocampos (15'), 1:1 David (43', Eelefmeter), 1:2 Ikone (51')

Wolfsburg - Salzburg 2:1
1:0 Baku (3'), 1:1 Wöber (30'), 2:1 Nmecha (60')

Grupp H

D'Resuméen aus dem Grupp H
Juventus steet nom Succès géint Zenit an den 1/8-Finallen an Chelsea huet zu Malmö 1:0 gewonnen.

Malmö - Chelsea 0:1
0:1 Ziyech (56')

Juventus - Zenit 4:2
1:0 Dybala (11'), 1:1 Bonucci (26', Selbstgol), 2:1 Dybala (58'), 3:1 Chiesa (74'), 4:1 Morata (85'), 4:2 Azmoun (90+2')

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO