
Am däitschen DFB-Pokal am Futtball war et e Mëttwoch den Owend d’Suite vun de 1/16-Finallen. Bayern München huet ee Réckstand zu Augsburg gedréint an ass eng Ronn weider. Mat 5:2 hu sech déi Münchner um Enn kloer duerchgesat.
Werder Bremen huet et dogéint erwëscht. Si verléieren am Eelefmeterschéisse mat 4:5 zu Paderborn (2. Bundesliga).
Borussia Dortmund huet Hannover 2:0 geklappt a Stuttgart war Bielefeld mat 6:0 iwwerleeën.
Schonn en Dënschdeg war Gladbach iwwerraschend no engem 1:2 géint Darmstadt (2. Bundesliga) eliminéiert ginn. An am Duell vun de Veräiner aus der Bundesliga hat Hoffenheim Schalke mat 5:1 iwwerrannt.
E Sonndeg ginn d’Aachtelsfinallen ausgeloust. Vertruede sinn nach eelef Veräiner aus der Bundesliga a fënnef Veräiner aus der 2. Bundesliga:
1. FSV Mainz 05 (Leandro Barreiro) (Bundesliga)
RB Leipzig (Bundesliga)
VfL Wolfsburg (Bundesliga)
TSG Hoffenheim (Bundesliga)
Eintracht Frankfurt (Bundesliga)
VfL Bochum (Bundesliga)
Borussia Dortmund (Bundesliga)
SC Freiburg (Bundesliga)
FC Bayern München (Bundesliga)
VfB Stuttgart (Bundesliga)
1. FC Union Berlin (Bundesliga)
1. FC Nürnberg (2. Bundesliga)
SV Darmstadt 98 (2. Bundesliga)
SC Paderborn 07 (2. Bundesliga)
SV Sandhausen (2. Bundesliga)
Fortuna Düsseldorf (2. Bundesliga)