Internationale FuttballBayern München fir d'25. Kéier Hierschtchampion

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Rekordchampion huet sech en Dënschdeg den Owend mat 5:0 géint de VfB Stuttgart duerchgesat.
© AFP

De Serge Gnabry huet en Dënschdeg den Owend um 16. Spilldag fir déi 25. Hierschtmeeschterschaft vu Bayern München an der Bundesliga gesuergt. Den däitschen Nationalspiller war mat sengen dräi Goler an zwou Virlage beim 5:0 am Südderby beim komplett iwwerfuerderte VfB Stuttgart de Spiller vum Match.

De Gnabry huet an der 40., an der 53. an an der 74. Minutt fir Bayern markéiert. Déi zwee aner Goler huet de Weltfuttballer Robert Lewandowski an der 69. an an der 72. Minutt geschoss. De Pol huet domadder dës Saison schonn 18 Goler markéiert.

Fir d’Konkurrenz ass d’Nouvelle, datt Bayern Hierschtchampion ass, net gutt, well an der Vergaangenheet huet sech den FCB duerno nëmmen dräi Mol nach de Championstitel huele gelooss.

Mainz hat iwwerdeems och keng Problemer mat HerthaBSC Berlin. An der Paus waren déi Mainzer, bei deenen de Lëtzebuerger Leandro Barreiro an der Startformatioun stoung, scho mat 2:0 (Lee Jae-Sung 19', Hack 41') a Féierung. Nëmme véier Minutten no der Paus huet de Widmer op 3:0 erhéicht an esou fir d’Virentscheedung gesuergt. De Boëtius huet an der 79. mam 4:0 fir de Schlusspunkt gesuergt. De Barreiro gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt.

Duerch dës Victoire mëscht Mainz weider monter mat an der Lutte ëm d’europäesch Plazen. An der provisorescher Tabell steet een op Plaz 6. Fir d’Hertha ass et am drëtte Match ënnert dem Trainer Tayfun Korkut iwwerdeems déi éischt Néierlag.

Donieft huet BielefeldBochum 2:0 geklappt a Köln konnt sech zu Wolfsburg trotz engem duebele Réckstand mat 3:2 behaapten. Fir Wolfsburg ass et déi sechst Néierlag noeneen an engem offizielle Match.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Manchester City huet en Dënschdeg den Owend Leeds United iwwerrannt a komplett a seng Eenzeldeeler zerluecht. Mam 7:0 bleiwen d’Skyblues un der Tabellespëtzt. Mat engem Match méi huet ManCity elo eng Avance vu véier respektiv fënnef Punkten op Liverpool an Chelsea.

De Foden huet mam éischte Gol am Match fir de 500. Premier-League-Gol vun de Citizens ënnert dem Guardiola gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Back to Top
CIM LOGO