Champions LeagueBayern München gewënnt mat 1:0 zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
Fir den Optakt vun den Aachtelsfinallen huet sech am zweete Match vum Owend den AC Mailand am San Siro géint Tottenham Hotspur duerchgesat.
© AFP

En Dënschdeg stoungen an der Uefa Champions League déi éischt zwee Allersmatcher vun den 1/8-Finallen um Programm. Am Parc des Princes zu Paräis koum et direkt zum Giganten-Duell tëscht Paris St. Germain a Bayern München. No enger animéierter Schlussphase sollt sech Bayern no engem Gol vum Coman mat 1:0 zu Paräis duerchsetzen.

Am zweete Match vum Owend kann den AC Mailand 1:0 géint Tottenham gewannen.

Champions League / Reportage Jeff Kettenmeyer

Paris St. Germain - Bayern München 0:1

0:1 Coman (53')

Fir vill Opreegung huet scho virum Match Thema Mbappé gesuergt. Um Enn huet de Stiermer vum PSG op der Bänk Platz geholl, gouf et am Virfeld dach eng sëlleg Rumeuren, dass de Fransous de Match no enger Blessur géif komplett verpassen.

Bayern huet d’Lokalekipp vun der eischter Sekonn un mat engem drockvollem Spill an déi eegen Hallschent gedréckt. De PSG hat zu dësem Zäitpunkt kaum Ballaktiounen an huet op Konterméiglechkeete gelauert. E kontrolléierte Spillopbau huet quasi net stattfonnt.

Paräis hat an der Suite wuel vereenzelt gutt Ëmschaltsituatiounen, déi awer net präzis genuch ausgespillt goufen. D’Opbauspill huet bei Messi a Co. déi ganz éischt Hallschent net wierklech stattfonnt iwwerdeems et de Bayern an der Offensiv un der néideger Kreativitéit geit eng kompakt gestaffelt Defense vum PSG gefeelt huet.

Kuerz virun der Paus dunn déi bis dato beschte Chance am Match: No enger gudder Aktioun vum Coman bréngt de Fransous op Säite vun de Bayern de Ball schaarf an de Strofraum, dem Kimmich säi Schoss sollt den Donnarumma awer paréieren, sou dass et mat engem 0:0 an d’Kabinne gaangen ass.

Déi beschten Zeenen aus der 1. Hallschent
Paräis war an der offensiv net present, de Bayern huet et un der Duerchsetzungskraaft gefeelt. Mat engem 0:0-Gläich ass et an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel wollt sech Paräis vun enger anerer Säit weisen. No gudde 5 Minutte sinn si awer kal erwëscht ginn. De staarke Coman huet an der 53. Minutt no enger Flank vum agewiesselten Davies de Ball aus ronn 11 Meter an de Filet gesat.

Kingsley Coman schéisst den 1:0 fir Bayern
An der 53. Minutt ass Bayern am Parc des Princes a Féierung gaangen.

4 Minutte méi spéit huet de Christophe Galtier reagéiert, an de Mbappé agewiesselt. Bayern sollt den Drock awer weider oprecht erhalen, an hat mam Choupo-Moting, Musiala a Kimmich bannent e puer Minutte gutt Chancen de Score eropzeschrauwen. An der 73. Minutt ass de PSG dunn fir eng éischte Kéier richteg geféierlech virum Sommer opgedaucht. Den Mbappé huet seng Géigner stoen gelooss, säi Schoss sollt de Sommer awer inekstremis paréieren.

Paräis sollt an der Schlussphase nach emol alles versiche fir den Ausgläich ze markéieren. No engem schnelle Konter iwwert de Mendes huet de Mbappé de Ball äiskaal am Filet ënnerbruecht. De VAR huet awer op Abseits entscheet. Kuerz dorop hat de Messi den 1:1 um Fouss leien, de Pavard sollt sech a leschter Sekonn an de Schoss geheien. Bayern ass an dëser Phase nawell ferm geschwommen. An der Nospillzäit huet dunn de Pavard no enger Noutbrems déi Giel-Rout-Kaart gewise krut.

Den Ausgläich fir de PSG sollt awer net méi falen, sou dass d’Lokalekipp mat 0:1 als Verléierer vum Terrain geet.

Déi beschten Zeenen aus der 2. Hallschent
An enger animéierter 2. Hallschent sollt dem PSG den Ausgläich net méi geléngen. Dem Mbappé säin Gol sollt vum VAR nees oferkannt ginn.

AC Mailand - Tottenham Hotspur 1:0

1:0 Diaz (7')

Highlights vum Match AC Mailand - Tottenham 
Spillfloss ass ni wierklech opkomm, et war e Match op kengem gudden Niveau

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO