Champions LeagueBayern München gewënnt mat 2:0 géint Barcelona

RTL Lëtzebuerg
Den Hernandez an de Sané hunn d'Goler fir d'Bayern markéiert. Liverpool huet géint Amsterdam gewonnen.
© AFP

An der Champions League war en Dënschdeg den Optakt vum 2. Spilldag. Am Spëtzematch vum Grupp C huet Bayern München an der Allianz Arena no enger manner gudder 1. Hallschent eng besser zweet gewisen a klappt Barcelona um Enn mat 2:0. Am nämmlechte Grupp huet Inter Mailand 2:0 zu Pilsen gewonnen.

Am Grupp A huet Liverpool seng éischte Victoire agefaangen. D’Reds spillen 2:1 géint Ajax Amsterdam. D’Glasgow Rangers an Neapel spillen eréischt um Mëttwoch den Owend. Porto huet am Grupp B eng ferm Néierlag géint Bruges missen astiechen. Leverkusen huet duerch eng staark Schlussphas mat 2:0 géint Atlético Madrid gewonnen.

Eintracht Frankfurt konnt hiren 1. Match an der Veräinsgeschicht an der Kinneksklass gewannen, dat mat 1:0 zu Marseille. Iwwerdeems huet Sporting Lissabon mat 2:0 géint Tottenham Hotspur d’Iwwerhand behalen.

Champions League / Resumé Guy Seyler

Grupp C

Bayern München - FC Barcelona 2:0
1:0 Hernandez (51'), 2:0 Sané (54')

Déi bescht Zeenen aus dem Match Bayern géint Barcelona
Bayern München konnt sech duerch eng staark zweet Hallschent mat 2:0 behaapten.

No engem Ballgewenn an der 9. Minutt vum Lewandowski ass de Pedri am Strofraum frei zum Schoss komm, huet säi Meeschter awer beim Neuer fonnt, dee Weltklass paréiert huet. Et war déi éischt geféierlech Aktioun am Match. Barca ass Defense vun de Bayern fréi ugelaf, huet d’Münchener esou ënner Drock gesat, an hat an der Ufanksphas d’Iwwerhand vum Match.

An der 17. Minutt sinn d’Katalanen nom Zouspill vum Pedri mam Lewandowski alt nees geféierlech virum Gol vum Neuer opgedaucht, de Schoss vum Ex-Münchener ass awer iwwert de Gol gaangen. Kuerz dorop ass de 37 Joer ale Spiller per Kapp um Neuer hänke bliwwen. Barca zu dësem Zäitpunkt iwwerleeën, Bayern huet net prezis genuch gespillt an hat vill einfach Ballverloschter. No enger knapper hallwer Stonn hat Bayern eng éischt gutt Chance, dat duerch e Schoss aus ronn 17 Meter vum Sabitzer; säi Schoss ass awer lénks laanscht de Gol gaangen, sou dass et mat engem 0:0-Gläich an d’Kabinn gaangen ass.

Nom Säitewiessel huet Bayern een anert Gesicht gewisen. Den agewiesselte Goretzka, fir de Sabitzer an de Match komm, huet den ter Stegen an der 50 Minutt gepréift, den Däitschen am Gol vu Barcelona konnt de Schoss zum Eckball paréieren. De Corner huet de Kimmich an de Fënnefmeterraum geschloen, wou den Hernandez ganz eleng stoung an de Ball an de Filet zur Féierung fir d’Bayern gekäppt huet.

Dräi Minutte méi spéit huet Barcelona de Ball am Mëttelfeld verluer, Bayern huet iwwert de Musiala gekontert an de Sané huet de Ball laanscht den ter Stegen konnten zum 2:0 an de Gol leeën.

D'Goler aus dem Match Bayern München - Barcelona
Hernandez a Sané hu fir d’Bayern markéiert

Barcelona hat duerch de Pedri an och duerch de Lewandowski weider Chancen, mee virun allem beim Weltfussballer vun 2021 sollt d’Gléck an der aler Heemescht net op senger Säit sinn. Bayern gewënnt opgrond vun enger staarker zweeter Hallschent mat 2:0 géint Barcelona.

Viktoria Pilsen - Inter Mailand 0:2
0:1 Dzeko (20'), 0:2 Dumfries (71')

De Resumé vum Match Viktoria Pilsen géint Inter Mailand
Inter Mailand konnt sech mat 2:0 zu Pilsen duerchsetzen.

Grupp A

FC Liverpool - Ajax Amsterdam 2:1
1:0 Salah (17'), 1:1 Kudus (27'), 2:1 Matip (89')

De Resumé vum Match Liverpool géint Ajax Amsterdam
Salah a Matip hunn d’Goler fir d’Reds markéiert


De Match Glasgow Rangers géint Neapel gëtt ausnamsweis e Mëttwoch gespillt.

Grupp B

De Resumé vum Grupp B
De Resumé vun de Matcher Leverkusen - Atlético a Porto - Bruges

Bayer Leverkusen - Atlético Madrid 2:0
1:0 Andrich (84'), 2:0 Diaby (87')

FC Porto - FC Bruges 0:4
0:1 Jutgla (15'), 0:2 Sowah (47'), 0:3 Skov Olsen (52'), 0:4 Nusa (89')

Grupp D

De Resumé vum Grupp D
De Resumé vun de Matcher Marseille - Frankfurt a Sporting - Tottenham
Sporting Lissabon - Tottenham Hotspur 2:0
1:0 Paulinho (90'), 2:0 Arthur Gomes (90+3')

Olympique Marseille - Eintracht Frankfurt 0:1

0:1 Lindström (43')

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO