
Duerch e Gola an der 86. Minutt konnt sech Bayern München mat 2:1 géint Gladbach duerchsetzen. Werder Bremen wënnt däitlech mat 5:1 géint Paderborn a soumat geléngt hinnen e Befreiungsschlag. An der Tabell sinn se elo punktgläich mat Düsseldorf, mee opgrond vun der méi schlechter Goldifferenz weiderhin op der 17. Plaz. An der allerleschter Minutt konnt Dortmund duerch e Gol vum Haaland mat 1:0 zu Düsseldorf gewannen. Wolfsburg a Freiburg trenne sech mat 2:2 a Frankfurt dréint de Match zu Berlin bei der Hertha a wënnt mat 4:1. Union Berlin klappt Köln mat 2:1 a ka sech soumat grouss Hoffnungen maachen och am nächste Joer an der Bundesliga ze spillen.
Bayern München - Mönchengladbach 2:1 (1:1)
1:0 Zirkzee (26.’), 1:1 Pavard (37.’, Eegegol), 2:1 Goretzka (86.’)
De Lewandowski an de Müller konnten net net matwierken wëll se am leschte Match allen zwee déi 5. giel Kaart gesinn haten. Fir Si um Terrain stoungen den Zirkzee an de Cuisance.
An der 16. Minutt konnt den Hofmann den 1:0 fir Gladbach schéissen mee de Gol gouf richtegerweis wéinst enger Abseitspositioun oferkannt. Nodeems den Embolo an der 25. Minutt eng riseg Chance leie gelooss huet, konnt eng Minutt méi spéit den Zirkzee op der anerer Säit den 1:0 schéissen nodeems de Sommer eng schwéier Feelpass an d’Féiss vum Hollänner gespillt huet. Dësen hat de Ball du just nach missen an den eidele Gol schéissen. An der 37. Minutt konnt Gladbach ausgläichen an dat war net onverdéngt. Mee och hei huet de Géigner entscheedend matgehollef wéi de Pavard eng flaach Flank vu riets an den eegene Gol gegrätscht huet.
No der Paus sinn déi Gladbacher gutt aus de Kabinne komm a waren déi besser Ekipp. Sou waren et och d’Gäscht déi di besser Chancen duerch de Lainer (48.’) an zwee mol Herrmann (50.’, 53.’) haten. Nodeems de Coman an den Davies agewiesselt goufen, sinn d’Bayern méi staark ginn an hunn d’Gladbacher méi an déi eegen Hallschent gedréckt. Sou kommen och d’Bayern duerch de Pavard (64.’) a Kimmich (66.’) zu gudde Méiglechkeeten. Bayern huet dono dominéiert a konnt an der 86. Minutt a Féierung goen. Vu riets huet de Pavard flaach an d’Mëtt geflankt wou de Goretzka de Ball an de laangen Eck konnt schéissen.
Fortuna Düsseldorf - Borussia Dortmund 0:1 (0:0)
0:1 Haaland (90.+5.’)
An der éischter Hallschent huet Dortmund eng schwaach Leeschtung géint den Tabellen-16. gewisen a konnt sech an den éischte 45 Minutten just eng gutt Chance duerch den Hakimi erausspillen wéi dësen eleng op de Kastenmeier zougelaf ass an dann awer un dësem hänke bliwwen ass. Och Düsseldorf hat net vill opzeweisen.
An der 65. Minutt ass Dortmund a Féierung gaangen mee de Gol gouf no Videobeweis oferkannt wëll de Guerreiro de Ball virum Schoss mam Aarm beréiert huet. Dortmund ass weiderhin villes schëlleg bliwwen an hu sech immens schwéier gedoen. An der 82. Minutt wär Düsseldorf bal a Féierung gaangen wéi de Skrzybski de Ball just op de Potto geschoss huet. An der allerleschter Minutt konnt den Haaland dann awer nach den erléisenden 1:0 fir Dortmund schéissen.
VFL Wolfsburg - SC Freiburg 2:2 (2:1)
1:0 Weghorst (14.’), 2:0 Weghorst (27.’, Eelefmeter), 2:1 Höler (43.’), 2:2 Sallai (46.’)
Freiburg hat an den éischten 10 Minutten méi vum Match mee an der 14. Minutt waren et dann awer déi Wolfsburger déi mat 1:0 a Féierung gaange sinn wéi de Steffen vu riets flaach an d’Mëtt geflankt huet an de Weghorst huet just nach missen an de Gol schéissen. An der 27. Minutt huet den Höfler de Weghorst mam Fouss am Gesiicht getraff an de fällegen Eelefmeter huet den Hollänner säin 2. perséinleche Gol geschoss. An der 43. Minutt dann awer den Uschloss fir Freiburg duerch den Höler. Vu riets huet de Grifo eng schaarf Flank an d’Mëtt geschloen an den Höler huet de Ball am fléien mam Kapp an de Gol geschoss.
Nëmmen 18 Sekonnen no der Paus huet Freiburg op 2:2 ausgeglach. Nodeems de Casteels nach e Schoss vum Höler paréiere konnt mee de Ball koum bei de Sallai an deen huet dat ronnt Lieder am héije Bou aus 11 Meter an de Gol gekäppt. Dono war de Match ausgeglach a béid Ekippen war den 3:2 zouzetrauen. Allerdéngs sollt dëse Gol kenger Ekipp méi geléngen an béid Ekippen trenne sech mat 2:2.
SC Paderborn - Werder Bremen 1:5 (0:3)
0:1 Klaassen (20.’), 0:2 Osako (34.’), 0:3 Klaassen (39.’), 0:4 M. Eggestein (60.’), 1:4 Sabiri (67.’), 1:5 Füllkrug (90.+2.’)
Bremen ass gutt an de Match komm a krut an der 18. Minutt en Eelefmeter zougesprach nodeems de Ball dem Collins un den Aarm gesprongen ass. Dësen konnt de Zingerle awer vum Rashica paréieren. Mee nëmmen 2 Minutten dono ass Bremen dann awer a Féierung gaangen. No enger Flank vum Gebre Selassie huet de Klaassen de Ball mam Kapp aus 12 Meter an de Gol geschoss. Och dono hu se Paderborn, bei deenen de Laurent Jans an der Startopstellung stoung, keng Chance gelooss a konnten nach virun der Paus duerch Goler vum Osako an der 34. Minutt an Klaassen an der 39. Minutt op 3:0 erhéijen.
An den zweete 45 Minutten, an deenen de Jans net méi um Terrain stoung, huet Paderborn besser gespillt mee Bremen konnt awer an der 60. Minutt duerch de Maximilian Eggestein op 4:0 erhéijen. Paderborn huet sech awer och dono nach net opginn a konnt esou an der 67. Minutt den 1:4 duerch de Sabiri schéissen. No engem Kräibrandrass stoung de Füllkrug no 8 Méint nees eng kéier um Terrain a konnt mam 5:1 de Schlusspunkt setzen.
Hertha Berlin - Eintracht Frankfurt 1:4 (1:0)1. FC Köln - Union Berlin 1:2 (0:1)