BundesligaBayern München léisst näischt ubrennen

RTL Lëtzebuerg
Den FCB ass nom 3:0 géint Union Berlin nees Tabelleleader, punktgläich mat Dortmund. Freiburg a Leverkusen trenne sech 1:1.
© AFP

Bayern München setzt sech kloer a verdéngt mat 3:0 géint Union Berlin duerch. D’Münchener ware vun Ufank spillbestëmmend an hat eng helle Wull vu Chancen. Den éischte Gol sollt awer eréischt no enger gudder hallwer Stonn falen. Bis zur Paus huet den FCB awer nach op 3:0 erhéicht. Union Berlin war ze passiv an hat de Münchener näischt entgéintzesetzen. Och an der zweeter Hallschent hunn d’Bayern de Match dominéiert an haten eng Rei Chancen op de véierte Gol. Zéng Minutte virum Enn huet de Sadio Mané beim FCB säi Comeback ginn. Den FC Bayern München ass duerch dës Victoire nees Tabelleleader.

Freiburg a Leverkusen trenne sech an engem gerechte Remis 1:1. Leverkusen hat am Ufank zwar méi Ballbesëtz, konnt sech awer keng wierklech Golchance erausspillen. Freiburg konnt mat senger éischter richteger Golchance direkt den 1:0 verbuchen. De Grifo hat Freiburg duerch en direkte Fräistouss a Féierung geschoss. Leverkusen war an der zweeter Hallschent méi effizient a koum duerch déi agewiesselt Spiller zu méi Golchancen. Eng dovun huet den Azmoun verdéngt zum 1:1 eragesat. Um Schluss vum Match hate béid Ekippen nach d’Méiglechkeet, den decisive Gol ze schéissen, mee si sinn entweder un der Lat oder um Golkipp hänke bliwwen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO