
Op der Sich no engem Ersatz-Verdeedeger fir de Lucas Hernandez, deen den FC Bayern München a Richtung PSG verlooss huet, huet de bayresche Rekordmeeschter e Samschdeg e Spiller fonnt. De Verdeedeger Kim Min-Jae wiesselt fir ronn 50 Milliounen Euro vun Neapel un d’Säbener Strasse. Domadder maachen d’Bayern vun enger Klausel Gebrauch, déi de Südkoreaner bei Neapel a sengem Kontrakt stoen hat.
De Kim Min-Jae, deen an de leschte Wochen nach den obligatoresche Militärdéngscht a Südkorea huet misse leeschten, soll e Samschdeg am Medizincheck zu München gewiescht sinn. Dësen huet de jonke Spiller dann och gepackt, soudatt hien deemnächst mat der Ekipp um Terrain stoe wäert.