Champions LeagueBayern no Victoire géint PSG weider, Mailand geet en 0:0 zu Tottenham duer

Kevin Kayser
Den AC Mailand a Bayern München hate béid no engem 1:0 an hiren Allersmatcher déi besser Ausgangspositiounen op dësem Mëttwoch.
© AFP

Resumé Champions League / Reportage Guy Seyler

FC Bayern München - Paris Saint Germain 2:0
1:0 Choupo-Moting (61'), 2:0 Gnabry (90')

Nom 1:0 zu Paräis fir d’Bayern hate si doheem déi besser Chancen, fir sech fir déi nächste Ronn ze qualifizéieren. Ma de PSG huet vun Ufank u gewissen, datt si och an d’Véierelsfinalle wëllen a war och an den éischte Minutten déi besser Ekipp. Eng gutt Chance hate si, ma Davis, de Ligt a Sommer waren ee Géigespiller ze vill fir de Messi. Bayern koum besser an de Match an no 31 Minutten hat de Musiala eng gutt Chance, ma den Donnarumma am Gol vu Paräis konnt hei klären. 7 Minutte méi spéit lant de Ball no engem Feeler vum Sommer beim Vitinha, ma dësen huet de Ball net fest genuch op de Gol geschoss, esou datt den de Ligt nach in extremis rette konnt. Dëst waren déi zwou gréisste Chance vun den éischte 45 Minutten, déi mat 2 Minutten Nospillzäit beim Stand vun 0:0 ofgepaff goufen.

Highlights 1. Hallschent Bayern - PSG
Mat engem 0:0 goung et zu München an d’Paus.

No 52 Minutten haten d’Bayern gefeiert, ma de Linneriichter hat de Fändel gehuewen. No engem Check mam VAR huet sech dëst confirméiert: De Müller stoung Zentimeter am Abseits, wéi den Choupo-Moting d’Flang an de Strofraum verlängert hat. D’Bayern ware besser am Ufank vun der zweeter Hallschent an si hu Feeler vum PSG erzwongen. An engem Zweekampf am eegene 16 Meter huet e Verdeedeger de Ball géint de Goretzka verluer, deen awer och nach de Bléck fir den Coupo-Mouting hat. De Stiermer vu München huet sech dës Chance, den 1:0 ze markéieren, net huele gelooss.

Kuerz drop hat de Ramos d’Méiglechkeet, per Kapp auszegläichen, ma de Sommer war op der Plaz, fir ze retten. Paräis ass dono ëmmer nees bäigelaf an d’Bayern hu clever verdeedegt an net vill zougelooss. Esou verwonnert et och net, datt déi nächst beschte Chance nees vum Ramos koum, no engem Corner vum Messi. Ma den Defenseur vum PSG hat no 82 Minutte knapp laanscht de Gol gekäppt. Well Paräis Drock huet misste maachen, haten d’Bayern Plaz fir ze konteren. De Gnabry huet esou eng Chance an der 90. Minutt net ausgelooss an op 2:0 fir seng Faarwen erhéicht. Eng Abseitspositioun vum Mané an der 94. Minutt huet de PSG virun enger méi klorer Néierlag gerett, esou datt et beim 2:0 bliwwen ass an d’Bayern esou ouni Géigegol an 180 Minutte géint de PSG weiderkommen.

Highlights 2. Hallschent Bayern - PSG
Nom Pausentéi koumen d’Bayern besser an de Match a konnten dësen och fir sech entscheeden.

Tottenham Hotspur - AC Mailand 0:0

Wéinst vill Verkéier op de Stroossen ass de Match zu Tottenham mat 10 Minutte Verspéidung ugepaff ginn. D’Englänner waren doheem gefuerdert, well si auswäerts beim AC 0:1 verluer haten. D’Missioun Véierelsfinall fir Tottenham war no 20 Minutte bal nach méi schwéier ginn, ma de Messias hat knapp laanscht de Gol geschoss. Kuerz drop hat den Son eng Chance fir Tottenham, ma hien ass un der Defense hänke bliwwen. Well déi richteg kloer Chancen an den éischte 45 Minutten ausbliwwe sinn, ass et och am Norde vu London mat 0:0 an d’Paus gaangen.

Nom Wiessel war Tottenham direkt fréi zwee Mol un der Defense hänke bliwwen an e Schoss vum Diaz vu Mailand no 51 Minutte hat jiddereen ausgespillt, ausser de Forster am Gol vun Tottenham. Et sollt laang kenger Ekipp geléngen, fir aus enger vun der wéinege Chancen e Gol ze markéieren. Fir Tottenham gouf d’Aufgab no 77 Minutten esouguer nach méi schwéier, well de Romero seng zweet giel Kaart an dësem Match gesinn huet a fréizäiteg an d’Dusch huet misste goen. No vir ass wierklech net vill geschitt. No 90 Minutten hat Tottenham grad emol eng Kéier an Mailand ëmmerhin dräi Mol méi dacks op de Gol geschoss. An och an der Nospillzäit huet sech do net vill dru geännert, ausser engem Käppert vum Kane, deen de Golkipp hale konnt, esou datt Mailand duerch den 1:0 aus dem Allersmatch eng Ronn weider ass.

Resumé Tottenham Hotspurs - AC Mailand
Nom 0:1 auswäerts war Tottenham doheem gefuerdert. Et sollt awer net duergoen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO