Virbild NFLBayern Trainer Nagelsmann wënscht sech méi modern Kommunikatioun

RTL Lëtzebuerg
Am American Football héiert de Quarterback den Trainer um Terrain, esou de Cheftrainer vum FC Bayern München.
Den Headcoach vun den Indianapolis Colts Frank Reich mat sengem Headset, iwwer deen hie Kontakt mat verschiddene Spiller an anere Coachen an Assistenten huet.
Den Headcoach vun den Indianapolis Colts Frank Reich mat sengem Headset, iwwer deen hie Kontakt mat verschiddene Spiller an anere Coachen an Assistenten huet.
© AFP (Archiv)

De Football wier enorm wäit an der Spezialiséierung vun Trainer an Deeler vun der Ekipp, sot den Nagelsmann an engem Interview mat der Merkur. Dovunner kéint och de Futtball profitéieren.

“Ech fannen, datt mir a bestëmmte Beräicher am Futtball geleeëntlech Chancë verpassen, awer natierlech och Chancë fir d’Zukunft hunn, fir eise Sport méi modern ze gestalten.”

Virun allem viséiert den Nagelsmann hei d’Kommunikatioun tëscht Spiller an Trainer un. Dat wier eppes, wat een am Futtball onbedéngt bräicht, am Idealfall och, datt de Spiller dem Trainer och äntwere kann. Aktuell wier nämlech d’Kommunikatioun ganz limitéiert.

Et géif elo drëm goen, e Virstouss ze maachen an ze soen “Mir wëllen dat awer. Mir wëllen eppes am Trikot hunn, mat deem d’Spiller mam Trainer kommunizéiere kënnen.

Den American Football wier krass techniséiert, mä et wier e Sport mat enger laanger Traditioun. Am Futtball dogéint géif ee sech ze dacks hannert dëser Traditioun verstoppen an dat misst opgebrach ginn, esou d’Kritik vum Bayern Coach.

Back to Top
CIM LOGO