Internationale FuttballBayern verléiert géint Frankfurt, Remis tëscht Liverpool a ManCity

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich gouf et déi éischt Néierlag fir de PSG an a Spuenien gouf et keng Punkte fir Real Madrid.
© AFP

Ligue 1

Rennes - PSG 2:0
1:0 Laborde (45'), 2:0 Tait (46')

No aacht Victoiren am Ufank vun der Saison an der Ligue 1 huet de PSG e Sonndeg déi éischt Néierlag kasséiert. Mat 0:2 huet een zu Rennes de Kierzere gezunn.

Virun der Lännermatchpaus huet de PSG-Trainer Pochettino op Experimenter verzicht an huet no der Victoire an der Champions League géint ManCity nees op Mbappé, Neymar a Messi an den éischten Eelef gesat. Rennes war richteg gutt an d’Partie gestart an huet de Golkipp Donnarumma duerchaus un d’Schweesse bruecht. Zwéngend gouf et awer nëmmen op der anerer Säit: Bannent zwou Minutten hunn Mbappé an Neymar zwou ganz déck Chancë leie gelooss (23., 25.), ier de Messi e Fräistouss widder d’Lat gesat huet. Wéi de PSG mat de Gedanke schonn an der Kabinn war, huet Rennes äiskal zougeschloen. De Laborde huet d’Lokalekipp an der 45. Minutt a Féierung bruecht.

No der Paus huet Rennes op en Neits zougeschloen. No nëmme 60 Sekonnen huet den Tait op 2:0 gesat. Paräis konnt spilleresch net iwwerzeegen an hat Chance, datt de Sulemana an der 62. Minutt net nach op 3:0 gesat huet. De PSG hat duerno nach déi eng oder aner Chance, ma si waren insgesamt net zwéngend genuch an esou ass et bei der 0:2-Néierlag bliwwen.

Nantes - Troyes 2:0
1:0 Girotto (58'), 2:0 Blas (69')

Keng Punkte gouf et um 9. Spilldag fir Troyes mam Gerson Rodrigues. Auswäerts huet ee mat 0:2 géint den FC Nantes verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 85. Minutt ausgewiesselt. An der 66. Minutt hat hien nach déi giel Kaart gesinn.

Angers -Metz 3:2
0:1 Bronn (10'), 1:1 Cho (53'), 1:2 Boulaya (59'), 2:2 Mangani (66'), 3:2 Bahoken (90+3')

E batteren Nomëtteg war et fir Metz. Metz war zu Angers zweemol wärend den 90 Minutten a Féierung gaangen, ma huet sech duerch e Gol an der 4. Minutt vun der Nospillzäit nach misse mat 2:3 geschloe ginn.

De Resumé vum Match kënnt Dir bei de Kolleege vun RTL 5minutes noliesen.

Lille - Marseille 2:0
1:0 David (28'), 2:0 David (90+4')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Bundesliga

Bayern München - Eintracht Frankfurt 1:2
1:0 Goretzka (29'), 1:1 Hinteregger (32'), 1:2 Kostic (83')

No néng Victoiren an offizielle Matcher noeneen huet Bayern München um 7. Spilldag mat 1:2 géint Frankfurt verluer. Eng batter Néierlag fir d’Ekipp vum Nagelsmann. Déi 90 Minutten iwwer hunn d’Bayern d’Partie géint Frankfurt dominéiert, ma um Enn si si um Golkipp vun de Gäscht gescheitert. Den Trapp huet mat sengen zéng Paraden e groussen Undeel un der éischter Victoire an dëser Saison fir Frankfurt.

De Goretzka hat de komplett iwwerleeënen däitsche Rekordchampion an der 29. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht, ier den Hinteregger nëmmen dräi Minutte méi spéit ausgeglach huet. An der 83. Minutt huet de Kostic fir den decisiven 2:1 fir d’Eintracht gesuergt.

An der Tabell bleiwen déi Münchner un der Spëtzt, dat punktgläich mat Leverkusen. De BVB huet just nach e Retard vun engem Punkt.

Mainz - Union Berlin 1:2
1:0 Ingvartsen (39'), 1:1 Awoniyi (69'), 1:2 Awoniyi (73')

Union Berlin meeschtert den Danz op dräi Hochzäiten a knäppt an der Bundesliga un déi staark lescht Saison un. Duerch zwee Goler vum Ex-Mainzer Awoniyi hunn déi Berliner mat 2:1 zu Mainz gewonnen. Dräi Deeg no der Victoire géint Maccabi Haifa an der Conference League huet Union säin Auswäertsfluch an der Liga gebrach a fir d’éischte Kéier zanter Februar nees eng Victoire auswäerts gefeiert.

Fir Mainz, déi an der 39. Minutt duerch den Ingvartsen nach a Féierung gaange waren, ass et dogéint den drëtte Match noeneen ouni Victoire. An der Schlussphas waren déi Mainzer an Ënnerzuel. De Kohr war mat Giel-Rout an der Nospillzäit vum Terrain gesat ginn. De Leandro Barreiro stoung bei der Lokalekipp an der Startopstellung a gouf an der 76. Minutt ausgewiesselt.

Arminia Bielefeld - Bayer Leverkusen 0:3
0:1 Diaby (18'), 0:2 Schick (24'), 0:3 Schick (57'), 0:4 Demirbay (90+1')

Am leschte vum 7. Spilldag hat Leverkusen keng Problemer zu Bielefeld. No engem Gol vun Diaby an Demirbay an der zwee vum Schick huet ee souverän mat 4:0 gewonnen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Tottenham - Aston Villa 2:1
1:0 Hojbjerg (27'), 1:1 Watkins (67'), 2:1 Lucas (71')

No dräi Néierlagen noenee stoung Tottenham um 7. Spilldag am englesche Championnat géint Aston Villa ënner Drock. D’Spurs hunn deem standgehalen a sech mat 2:1 d’Victoire geséchert.

An der 27. Minutt hat den Hojbjerg d’Lokalekipp a Féierung bruecht. No der Paus huet Aston Villa duerch de Watkins (67') aus dem Näischt eraus ausgeglach. Tottenham ass duerno awer nach emol eng Reaktioun gelongen. De Lucas huet an der 71. Minutt op 2:1 gesat. Kuerz viru Schluss waren d’Spurs nach ganz no um 3:1 drun, ma Aston Villa konnt e weidere Gol verhënneren. Bis zum Schluss ass et beim 2:1 fir d’Lokalekipp bliwwen.

Liverpool - Manchester City 2:2
1:0 Mané (59'), 1:1 Foden (69'), 2:1 Salah (76'), 2:2 De Bruyne (81')

No enger spektakulärer zweeter Hallschent hu sech Liverpool a Manchester City net onverdéngt mat engem 2:2 getrennt. D’Reds bleiwen no 7 Spilldeeg weider ongeschloen, ma si stinn net méi un der Spëtzt vun der Tabell. Neie Leader ass elo Chelsea.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Bologna - Lazio Roum 3:0
1:0 Barrow (14'), 2:0 Theate (17'), 3:0 Hickey (68')

Keng Chance hat um 7. Spilldag am italienesche Championnat Lazio Roum zu Bologna. An Ënnerzuel huet ee sech misse mat 0:3 geschloe ginn. Schonn no 17 Minutte louch Bologna mat 2:0 a Féierung, dat no Goler vu Barrow an Theate. No der Paus huet den Hickey an der 68. Minutt mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt. D’Gäscht waren no enger rouder Kaart vum Acerbi vun der 76. Minutt un an Ënnerzuel.

Florenz - Neapel 1:2
1:0 Martinez Quarta (28'), 1:1 Lozano (39'), 1:2 Rrahmani (50')

3 Punkten huet sech e Sonndeg Neapel an der Serie A geséchert. De Leader huet zu Florenz mat 2:1 gewonnen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Espanyol Barcelona - Real Madrid 2:1
1:0 de Tomas (17'), 2:0 Vidal (60'), 2:1 Benzema (71')

No der Néierlag an der Champions League géint Sheriff Tiraspol hat Real Madrid e Sonndeg eppes gutt ze maachen, ma dorausser ass näischt ginn. Déi Kinneklech hu sech nämlech mat 1:2 géint de leidenschaftlechen Opsteiger Espanyol Barcelona misse geschloe ginn.

Real Madrid hat déi 90 Minutten iwwer méi Ballbesëtz, ma géint en defensiv gutt sortéierte Géigner huet een et trotz enger Partie gudder Chancen net fäerdeg bruecht, fir déi néideg Lächer ze fannen an e weidere Gol ze markéieren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO