BundesligaBayern verléiert géint Leipzig, d'Hertha ass ofgestigen

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg kann Dortmund deemno d'Féierung an der Tabell vun de Bayern iwwerhuelen. Fir Union Berlin gouf et e Réckschlag zu Hoffenheim.
© CHRISTOF STACHE/AFP

D’Hertha huet géint Bochum just 1:1 gläich gespillt a steigt domadder of. D’Heemekipp huet engagéiert ugefaangen an de Ball louch no engem Konter och am Bochumer Gol. De VAR huet de Gol duerch de Lukebakio wéinst engem Feeler am Mëttelfeld awer annuléiert. D’Gäscht waren offensiv awer och geféierlech, hunn de Wee an de Gol am 1. Duerchgang awer net fonnt. No der Paus huet den Tousart seng Faarwe mat 1:0 vir bruecht. Wéi jidderee mat den 3 Punkte fir d’Heemekipp gerechent hat, hunn d’Gäscht an der Nospillzäit zougeschloen. No engem Corner konnt de Schlotterbeck ausgläichen. D’Gäscht leien den Ament op der 15. Plaz an der Tabell.

Schalke huet géint Frankfurt2:2 gläich gespillt. Et hat keng Minutt gedauert, du war Schalke scho mat 1:0 a Féierung. Den Terodde hat de Ball no engem Fräistouss an de Gol gekäppt. Et war eng animéiert Partie, wou et Hin an Hir gaangen ass. Op der anerer Säit hunn d’Gäscht duerch de Kamada no ronn 21 Minutten ausgeglach. Nom Téi huet den Tuta d’Partie komplett gedréint. An der Schlussphas ass dem Polter de wichtegen 2:2 gelongen. Schalke läit op der 16. Plaz ee Punkt hannert Bochum a ka weiderhin an der Liga bleiwen.

Hoffenheim huet Union Berlin mat 4:2 geklappt. D’Heemekipp war an den éischte 45 Minutten déi dominant Ekipp um Terrain a louch verdéngt duerch Goler vu Bebou a Kramaric no engem Eelefmeter mat 2:0 vir. An der 9. Minutt vun der Nospillzäit ass dem Doekhi den Uschlossgol gelongen. Am 2. Duerchgang ass laang näischt passéiert. An der Nospillzäit sinn awer nach 2 Goler op der Hoffenheimer an een op der Berliner Säit gefall. Fir d’Heemekipp haten de Kramaric an den Dabbur an de Filet getraff. De Laidouni hat fir d’Gäscht op 3:2 verkierzt.

Trotz dem 1:1-Remis vu Werder Bremen géint Köln spillt d’Ekipp vun der Weser och nächst Saison an der 1. Bundesliga. D’Gäscht waren duerch den Tigges a Féierung gaangen. De Schmid huet an der 73. Minutt ausgeglach. Dat war gläichzäiteg och d’Endresultat.

Am Owesmatch huet Bayern München géint RB Leipzig mat 1:3 de Kierzere gezunn. D’Heemekipp war an der Paus duerch e Gol vum Gnabry a Féierung. Nom Säitewiessel sinn d’Gäscht méi staark ginn an hunn duerch Laimer, Nkunku a Szoboszlai de Match komplett gedréint. D’Goler 2 an 3 sinn no engem Eelefmeter markéiert ginn. Bayern huet et net méi an der eegener Hand fir de Meeschtertitel ze verdeedegen.

Um Freideg hat Freiburg géint Wolfsburg d’Iwwerhand behalen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO