
Déi eigentlech heemstaark Ekipp vu Leipzig hat e Samschdeg am Match géint Mainz näischt ze gutt an huet de Match um Enn verdéngt mat 0:3 verluer. Mam nämmlechte Resultat hu sech och de VfB Stuttgart a Schalke misse geschloe ginn.
E Samschdeg goufen et dann och nach zwee Remisen. D’Hertha hëlt ee Punkt vu Freiburg mat heem. Nodeems de Grifo d’Lokalekipp per Fräistouss a Féierung bruecht hat, konnt den Ngankam no engem Feeler an der Defense den Ausgläich markéieren. Wolfsburg kënnt iwwerdeems no engem 0:2-Réckstand géint Augsburg nach zeréck a konnt an der 95. Minutt duerch den agewiesselten Nmecha ausgläichen.
Méi spéit owes war dann nach de Spëtzematch tëscht Bayern an Dortmund. No engem Faux-pas vum Dortmund-Golkipp Kobel ass den däitsche Rekordchampion an der 13. Minutt a Féierung gaangen. An der Suite huet de BVB e bëssen de Fuedem verluer an dëst hunn d’Haushären äiskal ausgenotzt, well den Thomas Müller huet an der 18. an an der 23. Minutt zougeschloen an esou op 3:0 erhéicht. An der zweeter Hallschent huet de Coman du mam 4:0 den Deckel drop gemaach. De BVB huet de Match zwar net opginn, ma nawell war d’Néierlag net méi ze verhënneren. Um Enn wënnt Bayern de Match mat 4:2 an iwwerhëlt domat d’Tabelleféierung vum BVB.
Union Berlin - VfB Stuttgart 3:0
1:0 Becker (51'), 2:0 Behrens (65'), 3:0 Selbstgol Haraguchi (68')
FC Schalke - Bayer Leverkusen 0:3
0:1 Frimpong (50'), 0:2 Wirtz (61'), 0:3 Azmoun (90+2')
RB Leipzig - FSV Mainz 05 0:3
0:1 Ingvartsen (9'), 0:2 Ajorque (57'), 0:3 Kohr (67')
SC Freiburg - Hertha BSC 1:1
1:0 Grifo (52'), 1:1 Ngankam (77')
VfL Wolfsburg - FC Augsburg 2:2
0:1 Selbstgol Arnold (2'), 0:2 Berisha (32'), 1:2 Waldschmidt (85'), 2:2 Nmecha (90+5')
Bayern München - Borussia Dortmund 4:2
1:0 Selbstgol Kobel (13'), 2:0 Müller (18'), 3:0 Müller (23'), 4:0 Coman (50'), 4:1 Can per Eelefmeter (72'), 4:2 Malen (90')