Champions LeagueBayern wënnt 5:0, Frankfurt géint Tottenham 0:0

RTL Lëtzebuerg
Neapel wënnt mat 6:1 zu Amsterdam, Brugge bleift weider ongeschloen a Marseille wënnt virun eidelem Public 4:1 géint Lissabon.
© AFP

An der Grupp A gewënnt Neapel iwwerraschend héich mat 6:1 zu Amsterdam a Liverpool klappt Glasgow mat 2:0. An der Grupp B bleift Brugge d’Iwwerraschungsekipp a gewënnt och géint Atlético, wärend Porto Leverkusen mat 0 Punkten heemschéckt. Bayern dominéiert weiderhin d’Grupp C an Inter Mailand huet no der Victoire géint Barcelona eng gutt Ausgangspositioun. D’Grupp D ass momentan déi ausgeglachenst, well alleguer d’Ekippe scho Punkte sammele konnten.

Grupp D

Olympique Marseille - Sporting Lissabon 4:1
0:1 Francisco Trincao (1'), 1:1 Alexis Sanchez (13'), 2:1 Harit (16'), 3:1 Balerdi (28'), 4:1 Mbemba (84')

De Resumé vum Match Marseille géint Sporting
Marseille gewënnt virun eidelem Public 4:1 géint Sporting Lissabon

Eintracht Frankfurt - Tottenham Hotspur 0:0

Déi bescht Zeene vum Match Frankfurt-Tottenham.
Mat engem 0:0 hu sech béid Ekippe getrennt.

An der éischter Hallschent hu béid Ekippe sech gréisstendeels neutraliséiert. Béid Ekippen haten e puer Chancen, woubäi Tottenham awer kloer déi besser Golgeleeënheeten opweises hat. D’Spurs haten de bessere Start an hu Frankfurt ënner Drock gesat, mee no 20 Minutte sinn déi Däitsch besser an de Match komm an hunn Tottenham kontrolléiert. Zum Schluss vun der éischter Hallschent huet Tottenham d’Rudder nees iwwerholl a sech eng Rei gutt Chancen, ë.a. duerch den Harry Kane an de Heung-Min Son, erausgespillt, mee de Ball sollt net am Frankfurter Gol landen.

Direkt nom Start an déi zweet 45 Minutten hat Frankfurt déi éischt richteg gutt Golchance an och déi Minutten duerno den Drock héich gehalen. Mee och nom Säitewiessel war et kee flotte Match vu béiden Ekippen an et gouf wéineg Golchancen, déi bescht haten de Kamada an de Knauf fir Frankfurt an de Kane fir Tottenham. Déi nächst Woch treffe béid Ekippen nees openeen.

Grupp A

Ajax Amsteram - SSC Neapel 1:6
1:0 Kudus (9'), 1:1 Raspadori (18'), 1:2 Di Lorenzo (33'), 1:3 Zielinski (45'), 1:4 Raspadori (47'), 1:5 Kvaratskhelia (63'), 1:6 Simeoni (81')

FC Liverpool - Glasgow Rangers 2:0
1:0 Alexander-Arnold (7'), 2:0 Salah (53', Eelefmeter)

De Resumé vun de Matcher aus der Grupp A
Neapel iwwerrennt Amsterdam mat 6:1 a Liverpool gewënnt 2:0 géint Glasgow.

Grupp B

Club Brugge - Atlético Madrid 2:0
1:0 Sowah (36'), 2:0 Jutglà (62')

FC Porto - Bayer Leverkusen 2:0
1:0 Zaidu (69'), 2:0 Galeno (87')

D'Resultater aus der Grupp B
Brugge gewënnt mat 2:0 géint Atlético Madrid a Porto setzt sech mat 2:0 géint Leverkusen duerch.

Grupp C

Bayern München - Viktoria Pilsen 5:0
1:0 Sané (7'), 2:0 Gnabry (13'), 3:0 Mané (21'), 4:0 Sané (50'), 5:0 Choupo-Moting (59')

Inter Mailand - FC Barcelona 1:0
1:0 Calhanoglu (45'+2)

De Resumé vun de Matcher an der Grupp C
Bayern gewënnt mat 5:0 géint Pilsen, Inter setzt sech mat 1:0 géint Barcelona duerch.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO