
Hoffenheim - Union Berlin 2:2
0:1 Gießelmann (10'), 1:1 Akpoguma (14'), 2:1 Larsen (30'), 2:2 Awoniyi (47')
An engem iwwer wäit Strecke rasante Match hu sech Hoffenheim an Union Berlin mat engem 2:2 getrennt. Berlin war fréi duerch de Gießelmann a Féierung gaangen, ma d’TSG huet staark geäntwert an d’Spill duerch Goler vun Akpoguma a Larsen gedréint, konnt den Dräier um Enn awer net iwwert d’Zäit bréngen. Kuerz no der Paus haten d’Gäscht duerch den Awoniyi op 2:2 ausgeglach. Bis zum Schluss ass et bei deem Score bliwwen.
Bayern München - Köln 3:2
1:0 Lewandowski (50'), 2:0 Gnabry (59'), 2:1 Modeste (60'), 2:2 Uth (62'), 3:2 Gnabry (71')
Eng verréckt Partie hu sech d’Bayern a Köln geliwwert. Nodeems et no den éischte 45 Minutten nach 0:0 stoung, hat et déi zweet Hallschent richteg a sech. Den däitsche Champion ass fir d’éischt duerch de Lewandowski an der 50. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Nëmmen 9 Minutten drop huet dunn de Gnabry op 2:0 gesat. Wien du gemengt hat, Bayern wär um Wee zu enger sécherer Victoire, dee sollt falsch leien. Bannent 2 Minutten huet den FC nämlech ausgeglach. D’Goler hunn de Modeste an den Uth geschoss. Um Enn konnten d’Bayern awer nach eng Kéier noleeën an esou huet de Gnabry an der 71. Minutt mam 3:2 fir d’Schlussresultat gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Southampton - Manchester United 1:1
1:0 Fred (30', Selbstgol), 1:1 Greenwood (55')
Manchester United huet e Sonndeg den Auswäertsrekord agestallt, awer bei Southampton net gewonnen. An der éischter Hallschent louch ManUnited mat 0:1 hannen. An der 30. Minutt hat den Adams aus 16 Meter ofgezunn. Säi Schoss gouf nach liicht vum Fred ofgefälscht an esou gouf de Gol als Selbstgol gezielt. No der Paus konnten d’Gäscht ausgläichen. No Viraarbecht vum Pogba hat de Greenwood op 1:1 gesat. Bis zum Schluss wollt kenger Ekipp méi e Gol geléngen.
Manchester United dierft mat dësem Resultat net zefridde sinn. Ëmmerhin huet een awer mat 27 Auswäertspartien ouni Néierlag de Rekord vun Arsenal agestallt.
Wolverhampton - Tottenham Hotspur 0:1
0:1 Alli (9')
Duerch e fréie Gol vum Alli huet Tottenham sech mat 1:0 zu Wolverhampton behaapt. Fir d’Spurs ass et déi zweet Victoire am zweete Match.
Arsenal - Chelsea 0:2
0:1 Lukaku R. (15'), 0:2 James (35')
Verdéngt dräi Punkte gouf et fir Chelsea. D’Blues waren an der éischter Hallschent ganz effektiv an esou louche si verdéngt an der Paus mat 2:0 a Féierung. No der Paus huet d’Chelsea de Match net méi aus der Hand ginn an huet de Virsprong ganz ofgekläert iwwert d’Zäit bruecht. Mann vum Match ass de James. Hien huet dem Lukaku R. säi Gol preparéiert a selwer ee geschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lyon - Clermont Foot 3:3
1:0 Dembélé (5'), 1:1 Diomande (12', Selbstgol), 2:1 Dembélé (21'), 3:1 Paqueta (45+1+), 3:2 Rashani (80'), 3:3 Rashani (90+1)
Metz - Stade Reims 1:1
0:1 Munetsi (7'), 1:1 Maiga (14')
Metz deet sech schwéier am Ufank vun der Saison a muss och nom 3. Spilldag weider op eng Victoire waarden. Géint Reine gouf et e Sonndeg een 1:1-Remis.
De Resumé vum Match fannt Dir bei de Kolleege vun RTL 5minutes.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Udinese Calcio - Juventus Turin 2:2
0:1 Dybala, 0:2 Cuadrado (23'), 1:2 Pereyra (51', Eelefmeter), 2:2 Deulofeu (83')
Mat engem 2:2 ass Juventus Turin an déi nei Saison gestart. No enger offensiv staarker Leeschtung louch déi al Damm an der Paus mat 2:0 a Féierung an et huet no engem souveräne Succès ausgesinn. Ma no der Paus huet sech de Golkipp Szczesny direkt zwee déck Feeler geleescht an esou konnt Udinese ausgläichen. An der Nospillzäit huet dunn de Ronaldo de Ball nach emol an de Filet gesat, ma d’Freed war nëmme vu kuerzer Dauer, well de VAR huet sech ageschalt an op Abseits decidéiert. Domadder ass et beim 2:2 bliwwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Atlético Madrid - Elche 1:0
1:0 Correa (39')
Atlético huet den Ausrutscher vu Barca ausgenotzt an ass duerch e knappen 1:0 géint Elche un de Katalanen an der Tabell laanschtgezunn. De Gol huet de Correa an der 39. Minutt aus dem näischt geschoss.
Levante - Real Madrid 3:3
0:1 Bale (5‘), 1:1 Roger(46‘), 2:1 Campana (57‘), 2:2 Junior Vinicius (73‘), 3:2 Rober Pier (79‘), 3:3 Junior Vinicius (85‘)