
E Sonndeg war erauskomm, datt d‘Spiller vum Champion net fir de Frëndschaftsmatch géint Munneref ugetruede sinn, well si hir Paien nach net kruten. Um Méindeg ass awer dunn am Laf vum Dag ee Mount iwwerwise ginn.
Et war ze héieren, datt de Club e puer Spiller suspendéiert hätt, wéi de Quotidien lo mellt, goufen de Kapitän Dominik Stolz an de Vize-Kapitän Clément Couturier an d‘zweet Equipe gesat.
Hesper steet no der Allersronn op der drëtter Plaz an der Tabell, 5 Punkten hannert dem Leader FC Déifferdeng 03.