FuttballBeim F91 ass ee frou, datt de Carlos Fangueiro weider op der Trainerbänk sëtzt

Franky Hippert
Dës Saison hunn déi Diddeleng nach d'Chance op den Doublé. De Championstitel ass esou gutt wéi sécher an da kéint nach d'Coupe dobäi kommen.
© Usch Thommes

F91 verlängert mam Carlos Fangueiro / Rep. Franky Hippert

Et misst scho ganz komesch kommen, wann den F91 Diddeleng den nächste Sonndeg um leschte Spilldag an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball net fir déi 16. Kéier Champion géif ginn. D’Ekipp aus der Forge du Sud huet 3 Punkten Avance op den Zweete Fola a Plus 21 an der Goldifferenz par rapport zu deenen Escher. Zanter zwou Saisonen ass de Mäze Flavio Becca elo guer net méi beim F91 involvéiert an dach bréngen déi Diddelenger et nees fäerdeg, Champion ze ginn. E groussen Undeel dorun huet den aktuellen Trainer an de Carlos Fangueiro huet elo nom zweetleschte Spilldag säi Kontrakt verlängert.

Schonn a senger éischter Saison beim F91 hat de Carlos Fangueiro mat enger Ekipp, déi vill Ofgäng ze verzeechnen hat, et fäerdeg bruecht, sech hannert der Fola als Vizechampion nees fir d’Coupe d’Europe ze qualifizéieren. Lo dës Saison kënne sech déi Diddelenger e Sonndeg da wuel d’Meeschterkroun definitiv opdoen. Et ass kloer, datt esou en Trainer, och den Interessi vun méi finanzkräftege Clibb ervirrifft. Ënnert anerem war ze héieren, datt de Racing, Hesper an och Péiteng an der Course wären. Um Enn bleift de Carlos Fangueiro awer am Stade Jos Nosbaum zu Diddeleng.

Ech hunn e Kontrakt vun 2 Joer ënnerschriwwen, dat hate mer scho virdru preparéiert. Frou, aner Propositioune krut ze hunn, mä voilà, ech fille mech hei doheem, ech fille mech ganz gutt.

De Carlos Fangeiro ass jo bekannt fir säi ganz engagéiert Optrieden un der Säitelinn. Dacks ass et och iwwert deem, wat erlaabt ass. Dofir goufen et am Veräin och Stëmmen, déi méi zeréckhalend waren, wat eng Verlängerung vum Kontrakt ugaangen ass. De President vum F91 Diddeleng Gerry Schintgen wollt de 45 Joer ale Portugis awer onbedéngt halen:

Absolut, also mir hunn déi lescht Woche vill doru geschafft, fir datt mer den Trainer konnte verlängeren. Dir wësst jo och, datt den Trainer aner Offeren hat an der BGL Ligue. Mä mir hunn awer ënnert eis gesot, datt mer den Trainer wéilten halen, well mir hu jo awer déi lescht 2 Saisone bewisen, datt den Trainer eis ganz wäit bruecht huet.

Beim F91 wëll een op jiddwerfalls och dee grousse Va-et-Vient vun der Becca-Ära, wat d’Spiller ugeet, hannert sech loossen. Mir wëlle mat de Kadere verlängeren. De Ricky Delgado geet op Hesper an de Kevin van den Kerkhof op Bastia. Mir kucken, datt mer d’nächst Saison eng staark Ekipp kréien, mä mat engem Budget, dee mer kënne finanzéieren.

Fir dës Saison huet ee beim Club aus der Forge du Sud awer nach ee grousst Zil, an dat ass den Doublé ze realiséieren, seet de Carlos Fangueiro. Mir wäerten alles maachen, ech kann dat net verstoppen. Wa mer den Doublé kënne maachen, dann ass dat fantastesch.

Lo e Sonndeg huet Diddeleng emol nach d’Flicht beim leschte Match zu Wolz, éiert dann de Championstitel Nummer 16 gefeiert gëtt. D’Kür ass dann de 27. Mee, wann den F91 an der Finall vun der Coupe am neie Stade de Luxembourg géint de Racing spillt.

Back to Top
CIM LOGO