Route du VinBeim Ironman waren op där Plaz keng Problemer, esou de Jacques Sitz

RTL Lëtzebuerg
De Buergermeeschter vu Réimech reagéiert op d'Aussoe vum Organisateur vun der Route du Vin.

Bei der Route du Vin, der Lafcourse op der Musel, koum vu Leeferinnen a Leefer Kritik op, datt et zu Réimech op der Zillinn zu engem Stau koum. Eng ganz Rei Sportler hu misse waarden, éiert se iwwert de wäisse Stréch konnten trëppelen. Den Organisateur José Azevedo hat e Méindeg am Interview bei eis gesot, datt hien d’Gemeng an de leschte Jore schonn drop opmierksam gemaach huet, datt, wa vill Athleten um Depart wieren, et do zu Problemer kéint kommen. Déi Responsabel vun der Stad Réimech hunn en Dënschdeg op déi Aussoe reagéiert, de Buergermeeschter Jacques Sitz:

Stau op der Arrivée bei der Route du Vin - Nogefrot beim Buergermeeschter
E Sonndeg gouf et bei der Arrivée vun der Route du Vin gréisser Problemer, well vill Leit vu verschiddene Leef beieneen ukoumen.

Den Datum fir en Debriefing steet nach net fest. An deem Fall sollen all déi concernéiert Acteuren um Dësch sëtzen, fir dann ze kucken, wat an Zukunft méiglech ass, esou de Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz.

Back to Top
CIM LOGO