FuttballBeim Racing gëtt de Budget vun der 1. Ekipp ëm 50 Prozent gekierzt

RTL Lëtzebuerg
De Racing huet an de leschte Jore vill Suen an hir éischt Ekipp investéiert.

Karine Reuter am Interview/Reportage Rich Simon

Fir déi Responsabel vum Club hunn déi Investitiounen awer net dee sportlechen Erfolleg bruecht, deen ee sech erhofft hat.

D‘Presidentin vum Veräin, Karine Reuter, huet eis confirméiert, datt een de Budget elo ëm 50 Prozent géif kierzen. Net betraff vun där Kierzung sinn d‘Nowuessakademie an och d’Dammenekipp.

Wann een duerch déi Kierzung an Zukunft misst eng Etage méi déif spillen, wier dat och nach kee Beebroch.

Den Ament steet de Racing op der 5. Plaz an der BGL Ligue.

D‘Karine Reuter huet, entgéint de Rumeuren déi zirkuléieren, bei eis am Interview ënnerstrach, datt si och an Zukunft Presidentin vum Stater Club wëll bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO