
Real Madrid huet och säin drëtte Match an der nach jonker La-Liga-Saison gewonnen. Bei Celta Vigo hu sech déi Kinneklech laang schwéier gedoen - bis de Bellingham nees eng Kéier markéiert huet.
Den Neizougang vu Borussia Dortmund hat sech no engem Kroos-Corner an der Kappballverlängerung vum Joselu duerchgesat an du mat engem Käpper (81.) d’Victoire geséchert. Fir den Englänner war et schonn dee véierte Gol fir Real an der neier Saison.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
RB Leipzig huet op Grond vun enger furioser zweeter Hallschent déi éischt Punkten an dëser Futtball-Bundesliga-Saison gesammelt. No engem Réckstand huet Leipzig de Match géint de VfB Stuttgart mat 5:1 (0:1) gewonnen.
Den Henrichs (52.), dee vun engem zolitten Ausrutscher vum VfB-Golkipp Nübel profitéiert huet, den Olmo (63.), den Openda (66.), de Kampel (74.) an de Simons (76.) hu fir Leipzig markéiert. De Guirassy hat d’Schwaben an der 35. Minutt a Féierung bruecht.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Keng Probleemer hat Chelsea mat Luton Town. De Mann vum Match war de Sterling. Hien huet mat sengen zwee Goler an der 17. an 68. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt. An der 75. Minutt huet den Jackson mam 3:0 den Deckel dropgemaach.
No engem Remis an enger Néierlag ka sech Chelsea um 3. Spilldag iwwert déi éischt Victoire an dëser Saison freeën.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Kee Gewënner gouf et an der Partie tëscht Nantes a Monaco. Si hunn 3:3 gläich gespillt. An der provisorescher Tabell steet Monaco mat siwe Punkten no dräi Spilldeeg un der Spëtzt.