
An enger spannender Finall um Sonndeg a Griichenland ass d’Entscheedung eréischt an der Schlussphas vum Match gefall. 3 Minutte viru Schluss war Spuenien nach 12 Punkte vir (65:53), d’Belsch huet de Match mat engem 14:0-Laf gedréint a wënnt 67:65. D’Julie Allemand (19 Punkten), Kyara Linskens (17) an d’Emma Meesseman (16) hunn bei der Belsch am beschte getraff.
Am Match em déi drëtte Plaz konnt sech Italien mat 69:54 géint Frankräich duerchsetzen. Stäerkste Spillerin an dësem Match war d’Cecilia Zandalisini mat 20 Punkten. Däitschland konnt sech iwwerdeems déi fënnefte Plaz vun der EM sécheren.
D’Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp hat d’Qualifikatioun fir d’EM nëmme ganz knapp verpasst. Am Februar hat d’FLBB-Selektioun den entscheedende Match am Montenegro ze héich verluer an domat eng historesch Chance verpasst. D’Gruppegéigner Montenegro a Schwäiz hunn op der Europameeschterschaft jeeweils hir 3 Matcher an der Gruppephas däitlech verluer.