FuttballBender-Zwillingen an der Kreisliga

RTL Lëtzebuerg
No 12 Joer Bundesliga sinn de Lars an de Sven Bender glécklech, nees fir hire Jugendveräin ze spillen.
© AFP

D’Zwilinge Lars a Sven Bender (32) sinn nom Enn vun hirer aktiver Profikarriär vu Bayer Leverkusen bei hire Jugendveräin TSV Brannenburg an déi éischt Kreisliga gewiesselt.

“Et mécht onheemlech vill Spaass,” sou de Sven Bender. “Béier steet ëmmer parat. Wat Béier drénken ugeet, hu mir nach sou munches nozehuelen. Do kënne mir nach vill vun eise Matspiller léieren”, sot de Lars Bender.

2004 sinn d’Bridder zesummen an d’Jugend vun 1860 München gewiesselt, wou si 2006 hiert Debut fir d’Profiekipp an der 2. Bundesliga feiere konnten. Am August 2009 goung de Lars Bender du fir 2,5 Millioune € op Leverkusen. Kuerz virdrun ass säi Brudder fir 1,5 Milliounen € op Dortmund gewiesselt. 2017 ass de Sven fir 12,5 Milliounen € op Leverkusen gaangen.

Um Enn vun der leschter Saison hunn d’Bender-Zwillingen ee Schlussstréch ënnert hir Profikarriär bei Bayer Leverkusen gezunn.

Back to Top
CIM LOGO