DäitschlandBenedikt Höwedes geet zréck bei den DFB

RTL Lëtzebuerg
De Weltmeeschter vun 2014 verstäerkt ënner dem neie Bundestrainer Hansi Flick den Teammanagement vun der DFB-Selektioun.
© FIRO/SID

Dat huet den “Deutscher Fussball-Bund” (DFB) um Mëttwoch offiziell bekannt ginn, nodeems däitsch Medie schonn en Dënschdeg dovu beriicht haten.

“Et war fir mech ëmmer dat Gréisst, fir mäi Land spillen ze dierfen. Dowéinst freeën ech mech immens, elo an enger neier Roll nees bei der Nationalekipp ze sinn an an all Ofleef ronderëm d’DFB-Team agebonnen ze ginn”, sou den 33 Joer alen Höwedes, deen am Summer 2020 als aktive Spiller opgehalen huet.

Hie wäert bis zur Wanter-WM 2022 am Katar parallel zu sengem Uefa-Master-Studiecours fir Nationalspiller (MIP) an enger Aart “Traineeprogramm” all d’Management-Aufgabe ronderëm d’Nationalekipp duerchlafen.

Den Hansi Flick hat am Summer 2021 de Joachim Löw als däitschen Nationaltrainer ofgeléist an huet och schonn den Danny Röhl als zweete Co-Trainer a säin Team geholl.

Back to Top
CIM LOGO