Reform vum Congé sportifBenevolat an Engagement an de Clibb an an de Federatioune fërderen

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber gouf um Dënschdeg och d‘Gesetz iwwert d‘Reform vum Congé sportif gestëmmt.

An Zukunft kënnen och Sportler vu Veräiner dovu profitéieren, wann eng offiziell international Kompetitioun um Programm steet. Dës weidere kënnen och elo Leit aus dem techneschen an administrativen Beräich, esou wéi och Benevolles, fir esou international Kompetitiounen op de Congé Sportif zeréckgräifen. Dat gëllt och fir Jugen an Arbiter, ma awer och fir Leit, déi eng Formatioun bei der INAPS, dem nationalen Institut fir physesch Aktivitéit an Sport, wëlle maachen. Zil vun der Reform vun dësem Gesetz ass ënnert anerem, fir de Benevolat an d‘Engagement an de Clibb an an de Federatiounen ze fërderen.

Back to Top
CIM LOGO