
Am Owesmatch huet sech Bayern München mat 2:1 zu Bremen behaapt. Bremen huet an der éischter Hallschent eng staark Defensivaarbecht gewisen an huet op Konter gelauert. D’Bayern waren zwar spilleresch dominant, mee net zwéngend genuch. Den FCB ass mat vill Elan aus de Kabinne komm an hat eng helle Wull u Chancen, déi awer eréischt an der 62. Minutt zum éischte Gol duerch de Gnabry gefouert hunn. An der Drangphas vu Werder ass de Süddäitschen zéng Minutte méi spéit den 2:0 duerch de Sané gelongen. Bremen huet sech awer net opginn a kuerz viru Schluss nach den Uschlossgol markéiert, deen allerdéngs ze spéit koum. Bayern München bleift domat Tabellenéischten, och wann Dortmund eréischt e Sonndeg spillt.
Am Ostigsduell setzt sech Berlin mat 2:1 géint Stuttgart duerch. D’Gäscht hate wuel déi éischt Chance am Match, mee duerno huet d’Hertha d’Spill iwwerholl an huet an der 29. den éischte Gol geschoss. Zéng Minutte méi spéit sollt dem VfB den Ausgläich duerch de Guirassy geléngen, mee nach virun der Paus konnt de Liederlechner déi Al Damm nees a Féierung bréngen. An der zweeter Hallschent gouf et bis an d’Nospillzäit net vill Chancen op béide Säiten. An de leschte Minutten huet Stuttgart nach eng Kéier alles no vir gehäit, mee ouni Succès. Berlin gëtt e Liewenszeeche vu sech, bleift awer op der leschter Tabelleplaz. Stuttgart steet weiderhin op der Relegatiounsplaz.
Deen anere Veräin aus der däitscher Haaptstad, Union Berlin, huet 0:1 zu Augsburg verluer. No enger manner interessanter Ufanksphas mat wéinege Golchancen, goungen déi besser Chancen op de Kont vun Union, och wann Augsburg duerch e Patzer vum Berliner Golkipp bal den 1:0 hätt kënne markéieren. Kuerz no der Paus ass aus dem Näischt de Gol fir d’Heemekipp gefall, wéi de Beljo mat engem Volleyschoss de Ball an de Filet gesat huet. Union Berlin huet sech wuel net opginn an hat bis zum Enn nach e puer gutt Chancen, déi hiert Zil awer net fanne sollten. Union gëtt duerch dës Néierlag seng drëtt Plaz u Leipzig of.
Freiburg a Leipzig stounge sech nom Duell an der Coupe schonn nees géintiwwer, an erëm housch de Gewënner Leipzig. D’Rout Bulle gewanne mat 1:0 am Breisgau. D’Gäscht vu Leipzig waren direkt am Match an haten eng Rei Golchancen, mee waren net effizient genuch. Freiburg huet dogéint gehalen a gekämpft, mee ass näischt zesummegelaf. Och nom Säitewiessel war net vill vum Sportclub ze gesinn. Leipzig war weider déi méi aktiv Ekipp a gouf an der 73. Minutt mam 1:0 belount an hat duerno och nach Chancen op e weidere Gol.
Nodeems sech Frankfurt ënnert der Woch fir d’Finall vun der Coupe qualifizéiere konnt, gouf et an der Bundesliga näischt ze radetten. Hoffenheim setzt sech mat 3:1 géint d’Eintracht duerch. D’TSG hat e staarken Ufank an huet mat deem éischte gudde Schoss den 1:0 geschoss. Duerno ass de Match e bësse verflaacht, mee an de fënnef Minutte virun der Paus sollten Hoffenheim nach zwee Goler geléngen. De Frankfurter Trainer Glasner huet déi zweet 45 Minutten no enger rouder Kaart just nach vun der Tribün aus gesinn. Den Adleren ass wuel no der Paus wuel séier den Uschlossgol gelongen, mee méi sollt fir de Coupe-Finalist net méi eraussprangen.
Borussia Mönchengladbach klappt Bochum2:0. No engem verhalenen Ufank goungen d’Fohlen an der 35. Minutt duerch e Gol vum Hofmann a Féierung an haten de Match gréisstendeels ënner Kontroll. Nom Säitewiessel hat Bochum séier d’Chance op den Ausgläich, mee duerno sollt et bis zur Schlussphas zimmlech roueg viru béide Goler bleiwen. Bochum hat wuel nach e puer Chancen, den 1:1 ze schéissen, mee et war de Stindl, deen an der Nospillzäit de Sak zougemaach huet. Bochum steet weiderhin op enger Ofstigsplaz an huet d’Hertha Berlin nees no am Réck.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.