Dee soll an den nächste Joren zesumme mat der LUNEX Universitéit ëmgesat ginn.
Et war d’Demande vun der UEFA, der Europäescher Futtball Federatioun, dat déi national Federatiounen hir individuell Strategië global sollen op Pabeier bréngen. Dobäi huet d’UEFA de Wonsch geäussert, datt d’FLF beim Ausschaffe vun der neier Strategie op extern Experte soll zeréck gräifen. An dat ass elo mat der Zesummenaarbecht tëscht der Lunex Universitéit an der FLF geschitt.
Déi elo ausgeschaffte Strategie fundéiert op 8 Sailen: Zwou vun deene sinn den Dammefuttball an d’Arbitteren. De President vun der FLF Paul Philipp huet betount, datt een an de leschte Jore scho vill an den Dammefuttball investéiert hätt. Elo misst een awer un der Breet schaffen.
“An der Basis schaffen, och regional an de Veräiner. Et gëtt awer ëmmer méi Aarbecht fir déi Leit déi do sinn. Lo kennt dann dat Wuert Benevole an d’Spill. Wann elo och nach Jugendekippe fir d’Meedercher dobäi kommen, verlaangt dat och méi Personal. Eist d’Zil an eis Aufgab ass et awer an den nächste Joren am Jugendberäich vun de Meedercher méi aktiv ginn”, sou de Paul Philipp.
Matcher kënne just gespillt ginn, wann Arbittere present sinn. Dat gëtt awer ëmmer méi zum Probleem. An och hei wëll een am Strategie-Plang vun der FLF an den nächste véier Joer méi investéieren. Virun allem muss dem President vun der Arbitter Kommissioun, Charel Schaack, nach méi an de Fair-Play investéiert ginn.
“Esoulaang wéi mir de Fair Play op den Terrainen net als ganz normal Saach integréiert kréien, ass et ganz schwéier déi Jonk ze halen. Mir waren an de leschte Joren am Rekrutement a sech ganz gutt. Leider Gottes duerch déi Ëmstänn wéi se sinn, waren no 2 Joer praktesch kee méi do oder nach zwee, dräi déi hänke bliwwe sinn. Et gëtt een net midd mat rekrutéieren, mat forméieren, d’Ausbildung ass gutt an et mécht hinnen och Spaass. An dann hale se awer vun engem zum anere Moment op”, sou de Charel Schaack.
Aktuell spille siwe Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun aktiv Futtball. Mam neie Strategie-Plang vun der FLF wëll een an den nächste véier Joer op aacht Prozent erop kommen.
Fannt hei de Communiqué vun der LUNEX International University.