
Déi meeschten Tickete wieren dobäi un d’Leit aus dem Wüüste-Staat Katar verkaaft ginn. Doriwwer eraus wiere ganz vill Ticketen u Futtball-Supporter aus den USA, England oder Däitschland gaangen.
D’Matcher, bei deenen d’Ticketen am séierste fort waren, wäerte wuel deen een oder aneren iwwerraschen. Esou waren d’Ticketen am séierste bei Kamerun-Brasilien, Brasilien-Serbien, Costa Rica-Däitschland an Australien-Dänemark fort.
Am September wäert de leschte Stock u Billjeeën an de Virverkaf goen.