Gespillt gëtt awer nach net am neie Stade de Luxembourg op der Cloche d’Or. Nee, de Match ass wéi gewinnt am ale Josy Barthel op der Areler Strooss a wéinst dem Coronavirus souguer hannert zouenen Dieren
Ee Grond méi, fir am Virfeld vun dësem wichtege WM-Qualifikatiounsmatch e Bléck hannert d’Kulisse vum schonns 90 Joer alen Nationalstadion ze werfen. E Stade, an deem déi Lëtzebuerger Nationalekipp am Ganze schonn 190 Länner-Matcher gespillt huet.
De Jéis Weber hëlt eis am Reportage vun der Tribün, iwwert d’Feld, duerch den Tunnel bis bei d’Vestiairë mat a bléckt dobäi op seng Zäit als Responsabel vum historesche Stadion zeréck.
Kuckt de Match tëscht de Roude Léiwen a Portugal am Livestream op RTL.lu