
Op der Weltmeeschterschaft am Biathlon zu Oberhof an Däitschland huet de Johannes Thinges Bö nees zougeschloen. Den Norweger huet sech iwwer 20 Kilometer eng Minutt an 10 Sekonnen virun sengem Kompatriot Sturla Holm Lägreid duerchgesat. Drëtte gouf de Schwed Sebastian Samuelsson.