Indoor-Liichtathletik-EMBob Bertemes fir d'Finall am Bommstousse qualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
De Bob Bertemes huet sech en Donneschdeg mat 20,92 Meter als Véierten ënner de beschten Aacht placéiert, déi e Freideg nach eng Kéier zu Istanbul untrieden
Dem seng Bob Bertemes seng Reaktioun no der Qualifikatioun fir d'Indoor-EM
De Lëtzebuerger Champion freet sech iwwert seng Leeschtung a säi gudden éischte Stouss.

Mat 20,92 Meter huet de Lëtzebuerger Champion schonn am éischte Versuch seng bescht Distanz realiséiert. Dono koumen 20,49 Meter an een ongültege Stouss, géint deen den 29 Joer ale Bielesser Protest ageluecht huet. Beschten Athlet bei der Qualifikatioun fir d’Finall war den Italiener Zane Weir mat 21,46 Meter virum Kroat Filip Mihaljeviv mat 21,20 Meter an dem Italiener Leonardo Fabbri mat 21,17 Meter.

De Bob Bertemes bei der Qualifikatioun fir d'Finall vun der Indoor-EM
Mat 20,92 Meter huet de Lëtzebuerger Champion schonn am éischte Versuch seng bescht Distanz realiséiert. Dono koumen 20,49 Meter an een ongültege Stouss.

Nom Forfait vum Charel Grethen war de Bob Bertemes den Donneschdeg den Owend den eenzegen FLA-Athlet, deen zu Istanbul am Asaz war. De Bielesser hat als eenzege vun deenen 18 Konkurrenten, déi den Donneschdeg den Owend am Bommstoussen ageschriwwe waren, e bloen Dossard. Dat well hien aktuell d’Nummer 1 an Europa ass. Um nationale Championnat hat den Athlet vum CA Bieles 21,93 Meter gestouss an hat säin nationalen Indoor-Rekord ëm 90 Zentimeter verbessert. Sou wäit huet dëst Joer nach keen Europäer gestouss. De Bob Bertemes bleift awer mat de Féiss um Buedem.

De Bern Thill huet hien den Donneschdeg de Moien dozou befrot.

De Bob Bertemes am RTL-Interview
De Bern Thill huet mam Lëtzebuerger Athlet geschwat.

D’Finall gëtt e Freideg den Owend zu Istanbul organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO