
E Samschdeg goufen zu Gréiwemaacher déi nei Lëtzebuerger Championen iwwert d’Sprintdistanz am Triathlon gesicht.
Bei den Hären huet sech de Bob Haller d’Victoire geséchert. Dat virum Lucas Cambrésy an dem Adrien Rossignon. De Bob Haller ass domadder neie Lëtzebuerger Champion bei der Elite an de Lucas Cambrésy bei de Junioren.
Bei den Dammen huet sech d’Eva Daniëls hiren éischten Titel bei der Elite geséchert. Hei hunn d’Camille Bucciarelli an d’Sally Dickes de Podium completéiert.