Internationale FuttballBochum weider Tabelleleschten, Lazio Roum klappt Inter Mailand

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Bundesliga, an der italieenescher Serie A an an der franséischer Ligue 1 ass e Freideg den Owend de Ball gerullt.
© AFP

Véierte Match, véiert Néierlag: De VfL Bochum huet no der batterer 0:7-Néierlag géint Bayern München deen nächste Réckschlag an der Futtball-Bundesliga missen astiechen. D’Ekipp vum Trainer Thomas Reis huet fir den Optakt vum véierte Spilldag no engem oppene Match beim SC Freiburg mat 0:1 (0:0) verluer. Wärend Bochum op der leschter Tabelleplaz bleift, sprangen déi Freiburger op d’mannst fir eng Nuecht op déi zweete Plaz.

De Grifo (48') hat Freiburg a Féierung bruecht. Säin Eelefmeter hat de Bochumer Riemann nach paréiert, am zweeten Noschoss war de Grifo dunn erfollegräich. Wärend den 90 Minutten ass et tëscht béiden Ekippe monter hin an hier gaangen an direkt e puer Mol war d’Aluminium am Wee an huet weider Goler verhënnert. Um Enn geet d’Victoire fir Freiburg awer an d’Rei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der italieenescher Serie A bleift Lazio Roum och um drëtte Spilldag ongeschloen. Fir Inter Mailand gouf et dogéint déi éischt Néierlag. Mat 1:3 huet ee sech zu Roum misse geschloe ginn. Inter war wuel besser an de Match komm, ma den 1:0 huet de Felipe Anderson (40') fir Lazio Roum geschoss. Kuerz no der Paus konnt de Martinez (51') fir d’Gäscht ausgläichen. Nëmmen zwou Minutten drop, haten d’Nerrazzuri d’Chance, fir de Match komplett ze dréinen. Den Dumfries ass mat sengem Kappball awer aus fënnef Meter um Lazio-Golkipp Provedel hänke bliwwen. Lazio ass mam Verlaf vum Match ëmmer besser ginn an dat louch och un de Spiller, déi frësch op den Terrain komm sinn. Zwee Jokeren hunn um Enn nämlech fir d’Decisioun gesuergt. No enger Virlag vum Pedro fir de Luis Alberto, huet dësen den 2:1 (75.) geschoss. Eelef Minutte méi spéit huet de Pedro du selwer getraff a mam 3:1 fir d’Schlussresultat gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie AAn der franséischer Ligue 1 konnt sech Lille iwwert déi zweete Victoire an dëser Saison freeën. Duerch Goler vu Yazici (17'), Bamba (43') an Djalo (67') huet ee sech mat 3:1 zu Ajaccio behaapt. Fir d’Lokalekipp hat de Bayala (84') getraff.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO