
Den F91 Diddeleng muss sech no der Ära Becca nei opstellen. Nieft enger Partie Spiller, déi an der neier Saison net méi an der Forge du Sud wäerten oplafen, sinn och zwee nei Trainer dobäi. Am RTL Interview huet de President vum F91, de Romain Schumacher, sech iwwert déi zwee nei Leit begeeschtert gewisen.
Ugefaangen mam Arno Bonvini, deen no senge Statiounen zu Déifferdeng a Munneref decidéiert huet, ee Retour aux sources ze maachen a beim F91 Responsabele vun der Jugendakademie gëtt.
Den Diddelenger President Romain Schumacher war selwer e bëssen iwwerrascht, datt den Interessi vum 44 Joer alen Trainer géif bestoen.
Den Arno ass een Diddelenger. Virdrun war säi Brudder do, dee ganz gutt Aarbecht am Centre de Formation gemaach huet. Den Arno war déi lescht Zäit BGL-Ligue-Trainer bei ganz interessante Clibb a mir ware selwer iwwerrascht, datt hien d’Ambitioun hat, fir dat do ze maachen. Mä mir waren awer extrem frou doriwwer. Eis Gespréicher waren direkt gutt an dat ass eng vun deene grousse Satisfaktioune vun deene leschte Wochen, datt mir den Arno kruten.
An Zukunft wäerte verschidde Jugendspiller op Grond vum Neiopbau vum F91 éischter d’Chance kréien, fir an der éischter Ekipp Spillzäit ze sammelen, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war.
Dofir zoustänneg ass an der neier Saison den Carlos Fangueiro. Den F91 President war schonns zu Péitenger Zäite vum portugiseschen Trainer iwwerzeegt.
“Wat mir opgefall ass, war säin onwarscheinlecht Engagement a wéi hien op d’Spiller agewierkt huet. Dat si fir mech Elementer, déi an der aktueller Situatioun vun eis extrem wichteg wäerte sinn. Da kënnt natierlech dobäi, datt en eng grouss Kompetenz huet. Hie representéiert eng ganz grouss Communautéit vu portugisesche Leit hei zu Lëtzebuerg a mir hu jo och nach ëmmer déi Zesummenaarbecht mat Sporting.”
Zesummenaarbecht tëscht Sporting an dem F91 besteet jo an der éischter Linn an der Jugend.
RTL.lu: No der Ära Flavio Becca - Den F91 Diddeleng muss sech nei opstellen