BundesligaBorussia Dortmund gewënnt doheem géint TSG Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
No enger 1:0-Victoire géint Hoffenheim setzt sech de BVB iwwer Nuecht un d'Tabellespëtzt vun der 1. Bundesliga an Däitschland.
© AFP (Archiv)

Nom 4. Spilldag hate souwuel Dortmund, wéi och Hoffenheim 9 Punkten aus 4 Matcher a stoungen domat op de Plaze 5, respektiv 4.

Dortmund ass besser an de Match komm. No enger gudder Viraarbecht vum Bynoe-Gittens an enger cleverer Pass vum Brandt konnt de Kapitän Marco Reus den 1:0 markéieren, dat an der 16. Minutt. Nëmme puer Minutten drop hat de Modeste eng grouss Chance vir mam Kapp op 2:0 ze erhéijen, hat awer net gutt genuch geziilt. De Bynoe-Gittens hätt an der 22. Minutt eigentlech den 2:0 musse markéieren... no enger Flank vum Modeste stoung en eleng virum Hoffenheimer Gol, verzitt säin Ofschloss awer. Eng gutt Chance hat an der 43. Minutt nees de Reus, awer och dee Schoss ass laanscht de Gol gaangen. Kuerz virun der Halbzeit huet de Bynoe-Gittens verletzungsbedéngt mussen ausgewiesselt ginn. Fir hie koum den Thorgan Hazard an de Match. Mat dem 1:0 ass et an d’Paus gaangen, an do konnt sech Hoffenheim glécklech schätzen.

Fir d'2. Hallschent huet Hoffenheim direkt 3 mol gewiesselt. Den Damar koum fir de Baumgartner, de Kaderabek fir de Skov an de Rudy fir de Geiger.

An der 52. Minutt hat den agewiesselten Damar dann och direkt eng gutt Méiglechkeet ageleet op de Rutter, dee kuerz virum 16-Meter ofschléisse konnt. De Bal ass awer riets laanscht de Gol gaangen. Kuerz drop war et de Kramaric mat enger weiderer Chance, ma dee Schoss war ze zentral. E bësse méi hëtzeg gouf et an der 57. Minutt, wéi de Reus an de Vogt unenee gerode waren, no engem Foul vum Reus um Rudy. Resultat ware giel Kaarte fir Reus, Vogt a Bellingham.

An der 60. Minutt hat Hoffenheim duerch de Kramaric e Fräistouss aus enger gudder Positioun... deen huet de Bal awer iwwert de Gol gezierkelt. Hoffenheim konnt sech an den éischte 15 Minutte vun der 2. Hallschent méi Chancen erausspille wéi an der ganzer 1. Hallschent.

An der 67. Minutt gouf et eng duebel Chance fir de BVB duerch den Hazard an de Modeste, ma de Baumann konnt den 2:0 verhënneren.

An der 85. Minutt hat de Modeste d’Geleeënheet de Sak zouzemaachen. Aus engem Konter eraus iwwert de Reus koum hien zum Ofschloss, ma nees war dee Schoss net kadréiert. Hoffenheim huet weider u seng Chance gegleeft. De Bruun Larsen gouf an der 86. Minutt fir de Rutter agewiesselt fir am Stuerm nach emol fir Gefor ze suergen.

An der 92. Minutt huet den Dortmunder Kapitän dann nach säi perséinlechen Applaus vun de BVB-Fans krut. Hie gouf ausgewiesselt a fir hie koum de Moukoko op den Terrain.

Hoffenheim konnt sech keng Chance méi erausspillen an de Match goung mat enger verdéngter 1:0-Victoire vun Dortmund op en Enn, déi et nees verpasst haten, de Match trotz ville Chancen, méi däitlech fir sech ze entscheeden.

Domat steet de BVB iwwer Nuecht un der Tabellespëtzt, dat mat 12 Punkten aus 5 Matcher. Um Samschdeg kënnt et ënnert anerem zum Spëtzematch tëscht Bayern München an Union Berlin, déi allebéid 10 Punkten hunn.

Den Iwwerbléck vum Spilldag

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO