Internationale FuttballBorussia Dortmund setzt Bayern München ënner Drock

RTL Lëtzebuerg
De BVB huet sech e Freideg den Owend kloer mat 5:1 géint Freiburg duerchgesat.
Dortmund gewënnt souverän géint Freiburg
Dortmund gewënnt souverän géint Freiburg
© AFP

An der Bundesliga huet Borussia Dortmund e Freideg den Owend fir den Optakt vum 19. Spilldag kloer mat 5:1 géint Freiburg gewonnen. D’Ekipp vum Trainer Marco Rose huet domadder de Réckstand op de Leader Bayern München op dräi Punkte verkierzt. Den FCB spillt e Samschdeg zu Köln.

Fir de BVB hunn e Freideg den Owend den Thomas Meunier (14', 29'), den Erling Haaland (45+1', 75') an de Mahmoud Dahoud (86') getraff. Op Säite vu Freiburg huet den Ermedin Demirovic (61') markéiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der Ligue 1 a Frankräich huet e Freideg den Owend den OGC Nice den FC Nantes mat 2:1 geklappt. Fir d’Lokalekipp hunn de Kasper Dolberg (21') vum Punkt an de Khephren Thuram getraff. Den Andrei Girotto hat Sekonne virun der Paus ausgeglach. An der provisorescher Tabell steet Nice op der 2. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO