
An der däitscher Futtball-Bundesliga sinn e Freideg den Owend fir den Optakt vum 29. Spilldag de VfB Stuttgart a Borussia Dortmund openeegetraff. Fir d’Lokalekipp ass et ëm wichteg Punkte gaangen. Als 15. stécht een nämlech matten am Ofstigskampf.
An der éischter Hallschent huet de BVB de Match kloer dominéiert an ass verdéngt 1:0 a Féierung gaangen. Allerdéngs goufen et fir Dortmund och batter Momenter an den éischte 45 Minutten. Schonn no zwou Minutten huet de Reyna missen ausgewiesselt ginn, an der 36. Minutt huet den Dahoud wéinst enger Blessure missen den Terrain verloossen. Direkt nom Téi huet dunn de Zagadou misse fir den Hummels wéinst enger Verletzung asprangen.
Hire Virsprong hunn d’Spiller vum BVB an der zweeter Hallschent weider ausgebaut a schlussendlech mat 2:0 géint d’Lokalekipp gewonnen. Mann vum Dag war de Brandt, deen de Ball béid Kéieren an d’Netz geschoss huet (12', 71').
Fir de VfB Stuttgart heescht et elo weider zidderen. Wéinst hirer Néierlag riskéiert d’Ekipp, de Weekend an der Tabell op d’Ofstigsplaz ze rutschen.