Olympesch Spiller - FuttballBrasilien wënnt d'Finall no Verlängerung mat 2:1 géint Spuenien

RTL Lëtzebuerg
No 90 Minutte stoung et 1:1 an der Finall, deemno goung et an d'Verlängerung. Hei konnt an der 108. Minutt de Malcolm den decisive Goal schéissen.
© AFP

De Cunha konnt an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent den 1:0 fir Brasilien markéieren. An der 61. Minutt huet den Oyarzabal mat engem spektakuläre Volley-Schoss fir Spuenien ausgeglach. No deem Goal huet Spuenien Iwwerhand kritt a sech weider gutt Chancen erausgespillt. An der regulärer Spillzäit ass awer kee Goal méi gefall an et goung deemno an d’Verlängerung.

Hei huet et bis déi 108. Minutt gedauert, bis de Malcolm den erléisenden 2:1 fir Brasilien geschoss huet. Domat gewannen d’Brasilianer grad ewéi viru 5 Joer zu Rio, nees d’Goldmedail am Futtball.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO