
Um Samschdeg war an der däitscher Bundesliga de kompletten 32. Spilldag. Och wann den FC Bayern schonn als alen an neie Champion feststoung, goung et fir eng ganz Rei Veräiner nach ëm wichteg Punkten. Am Match tëscht Leipzig an Dortmund koum et zum Duell vum aktuellen Tabellenzweeten a sengem éischte Verfolger Leipzig. Hei goung et net nëmmen ëm déi zweeten Tabelleplaz, ma och ëm Punkte fir d’Qualifikatioun fir d’Championsleague. Genau déi Qualifikatioun war och d’Zil vu Gladbach a Leverkusen, fir déi géint Paderborn bezéiungsweis Hertha BSC just 3 Punkten gezielt hunn.
Um Enn konnt Gladbach duerch eng 3:1 Victoire den Ausrutscher vu Leverkusen, déi géint d’Hertha aus Berlin de Kierzere gezunn haten, ausnotzen a soumat hu si virum leschte Spilldag 2 Punkten Avance op Bayer. Och Leipzig huet trotz enger 0:2 Néierlag géint Dortmund d’Championsleague esou gutt wéi sécher.
Ma och am Tabellekeller goung et nach ëm richteg vill. Nodeems dem Laurent Jans seng Paderborner schonn als Ofsteiger feststoungen, ware virun allem Bremen an Düsseldorf gefrot, fir sech nach ze retten. Am Mëttelpunkt stoung hei de Match tëscht dem Leandro Barreiro senge Mainzer, déi theoretesch och nach ofsteige kéinten, a Werder Bremen.
Hei waren et Mainz, Augsburg a Köln, déi sech de Maintien um 33. Spilldag séchere konnten. Düsseldorf steet virum leschte Spilldag no engem 1:1 géint Augsburg op der Relegatiounsplaz, 2 Punkte viru Bremen, fir déi et no der 1:3-Néierlag géint Mainz ganz däischter ausgesäit.
Wolfsburg an Hoffenheim séchere sech iwwerdeems duerch däitlech Victoiren d’Europa League Qualifikatioun.
Mainz 3:1 Bremen
1:0 Quaison (25'), 2:0 Boetius (30'), 2:1 Osako (58'), 3:1 Fernandes (85'),
Zu Mainz goung et fir d’Gäscht aus Bremen, awer och fir d’Haushären ëm ganz wichteg Punkte géint den Ofstig. A Bremen war och direkt geféierlech virum Gol vum Müller, dëst duerch ee stramme Schoss vum Sargent an der 4. Minutt, ma de Mainzer Golkipp konnt de Ball mat engem staarke Reflex ofwieren. Fir d’Haushäre, bei deenen de Barreiro an der 56. Minutt agewiesselt gouf, wier ee Punkt duergaangen, fir sech ze retten, an no 25. Minutten hat och alles op d’Rettung higedeit. No engem Fräistouss an de Strofraum konnt den Onisiwo de Ball op de Gol käppen, ma dëse Versuch konnt nach op der Linn gerett ginn. Aus dem Duercherneen am Fënnef-Meter Raum war et um Enn de Quaison, deen de Ball iwwert d’Linn drécke konnt. Nëmme 5 Minutte méi spéit koum et fir Bremen nach méi batter. No engem staarke Laf vum Latza hat dësen de Boetius gesinn, deen dem Pavlenka mat engem präzise Schoss keng Chance gelooss hat.
Nom Säitewiessel sollt awer nach eng Kéier Spannung an de Match kommen. No knapp enger Stonn Spillzäit konnt Bremen sech am Ofstigskampf zréckmellen. No enger super Kombinatioun war et de Japaner, deen de Ball am Filet ënnerbrénge konnt. Bremen huet wuel gekämpft, ma an der 85. Minutt war et de Fernandes, dee Mainz mat 3:1 a Féierung brénge konnt.
Um Enn zitt Bremen zu Mainz mat 1:3 de Kierzeren a bleift op der 17. Tabelleplaz.
Düsseldorf 1:1 Augsburg
0:1 Niederlechner (10'), 1:1 Hennings (25')
An enger opreegender Ufanksphas stoung virun allem den Onparteieschen, den Här Siebert, am Mëttelpunkt. An der 6. Minutt konnt den Hennings de Ball iwwert d’Linn drécken, ma duerch de Videoassistent hat den Här Siebert de Gol net ginn, dëst wéinst engem Handspill vum Ayhan. Nëmme 4 Minutte méi spéit war et dann op der anerer Säit de Niederlechner, deen d’Nerven aus ronn 5 Meter behale konnt, a sou Augsburg a Féierung bruecht hat. Düsseldorf hat sech allerdéngs net ënnerkréie gelooss a sou konnte si sech an der 25. Minutt och belounen. Mat engem stramme Schoss konnt den Hennings de Score ausgläichen.
An enger ganz spannender Partie wollte sech béid Formatiounen déi dräi Punkten sécheren, ma um Enn sollt et beim gerechte Remis bleiwen. Soumat séchert sech Augsburg de Maintien, Düsseldorf steet weiderhin op der Relegatiounsplaz.
Leipzig 0:2 Dortmund
0:1 Haaland (30'), 0:2 Haaland (90'+3)
Dortmund war an der Ufanksphas éischter zréckhalend an hat sech op Kontere verlooss. An der 30. Minutt sollt dëst och zum Erfolleg féieren. No engem schnelle Konter war et um Enn den Haaland, deen eng Virlag vum jonke Reyna verwäerte konnt a soumat déi zweeten Tabelleplaz fir Dortmund festege konnten. Leipzig war iwwert wäit Strecken awer ze ongeféierlech a sou hat Dortmund wéineg Méi, fir d’Féierung ze verwalten. Um Enn war et an der Nospillzäit op en neits de jonken Haaland, dee fir d’Schlussresultat suerge konnt.
Bayern 3:1 Freiburg
1:0 Kimmich (16'), 2:0 Lewandowski (24'), 2:1 Höler (33'), 3:1 Lewandowski (37')
De Champion aus München hat mat Freiburg ee Veräin op Besuch, deen d’Chance op d’Europa League Qualifikatioun ënnersträiche wollt. Et waren awer d’Münchener, déi an der 16. Minutt duerch de Kimmich a Féierung goe konnten.
Nodeems de Lewandowski an der 24. Minutt op 2:0 stelle konnt war et den Höler op der anerer Säit dee Freiburg nach eng Kéier an de Match brénge konnt. Virun der Paus, an der 37. Minutt war et dann awer op en Neits de Lewandowski, deen den 2-Goler Virsprong erëm hierstelle konnt.
München huet de Match duerno dominéiert an näischt méi ubrenne gelooss.
Paderborn 1:3 Gladbach
0:1 Herrmann (5'), 1:1 Michel (54'), 1:2 Stindl (56', Eelefmeter), 1:3 Stindl (74')
Fir Paderborn, bei deenen de Laurent Jans am Ufank op der Bänk souz, war de Ofstig net méi ze verhënneren, ma d’Gäscht aus Gladbach hunn nach wichteg Punkte gebraucht, fir d’Championsleague Qualifikatioun nach ze realiséieren. No nëmme 5 Minutte koum den Embolo fräi virum Zingerle zum Schoss. De Golkipp vu Paderborn konnt hei nach ofwieren, ma beim Noschoss vum Herrmann konnt hien awer näischt méi maachen.
Paderborn wollt d’Bundesliga awer mat héijem Kapp verloossen an hunn ëmmer erëm probéiert, fir sech geféierlech an der Offensiv ze weisen. An der 54. Minutt konnt de Michel och den Ausgläich markéieren, allerdéngs sollt d’Freed net fir laang sinn. Nëmmen eng Minutt méi spéit koum de Stindl am Strofraum zu Fall. De Gladbacher hat sech dës Chance net huele gelooss a konnt sécher markéieren an d’Féierung erëm zréckhuelen. An der 74. Minutt war et dann de Stindl, dee fir d’Entscheedung suerge konnt an op 3:1 gestallt hat.
Soumat steet Gladbach virum leschte Spilldag op enger Champions League Plaz.
Schalke 1:4 Wolfsburg
0:1 Weghorst (16'), 0:2 Weghorst (56'), 0:3 Mbabu (59'), 0:4 Joao Victor (70'), 1:4 Matondo (71')
Schalke bleift och am 15. Match noeneen ouni Victoire a verléieren däitlech géint Wolfsburg, déi soumat hir Europa League Qualifikatioun feiere konnten.
Köln 1:1 Frankfurt
1:0 Kainz (45', Eelefmeter), 1:1 Dost (72')
Hertha 2:0 Leverkusen
1:0 Cunha (22'), 2:0 Lukebakio (54')
Hoffenheim 4:0 Union Berlin
1:0 Bebou (11'), 2:0 Kramaric (39'), 3:0 Dabbur (45'+2), 4:0 Baumgartner (68')