
VFL Wolfsburg - Arminia Bielefeld 2:1
1:0 Weghorst (19'), 2:0 Arnold (20'), 2:1 Schipplock (80')
Bannent 2 Minutten huet Wolfsburg 2 Goler geschoss an esou de Grondstee fir d’Victoire géint den Opsteiger vu Bielefeld geluecht. De Weghorst an der 19. Minutt a kuerz dorops den Arnold hu fir d’Lokalekipp markéiert. Vu Bielefeld ass an der 1. Hallschent näischt komm, sou dass de Réckstand méi wéi verdéngt war.
An der 57. Minutt hat de Weghorst eng ganz gutt Chance, op 3:0 ze erhéijen, ma säi Kappball sollt de Wee an de Gol net fannen. An der 80. Minutt huet dunn aus dem Näischt eraus de Schipplock den Uschlossgol fir Bielefeld geschoss. An de Schlussminutten ass Wolfsburg geschwommen, Bielefeld huet alles probéiert, ma sollt et awer net méi fäerdegbréngen, den Ausgläich ze markéieren. 2:1-Victoire fir d’Lokalekipp.
Werder Bremen - TSG Hoffenheim 1:1
1:0 Eggestein (5'), 1:1 Geiger (22')
Bremen ass besser an de Match komm an huet deementspriechend duerch den Eggestein an der 5. Minutt d’Féierung iwwerholl. No ronn 20 Minutten ass Hoffenheim awer déi besser Ekipp gewiescht, esou dass duerch de Geiger den 1:1 gefall ass. Och an der 2. Hallschent waren d’Gäscht déi spillbestëmmend Ekipp, ouni sech awer eng grouss Unzuel u Chancen erauszespillen. Um Enn spille béid Ekippen 1:1-Gläich.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Southampton - FC Everton 2:0
1:0 Ward-Prowse (27'), 2:0 Adams (35')
Eng verdéngten Néierlag fir Everton, déi domat hiren éischte Match an dëser Saison verléieren. Southampton war vun Ufank un déi besser Ekipp. An der 27. Minutt huet de Ward-Prowse no engem Doppelpass mam Ings den 1:0 geschoss. James a Sigurdsson hunn dobäi net gutt ausgesinn. Kuerz drop war et den Adams, deen de Score op 2:0 erhéicht. An der 72. Minutt krut den Digne no engem Foul um Walker-Peters déi rout Kaart. Southampton huet als Tabellefënneften nëmmen nach 3 Punkte Réckstand op Everton.
Wolverhampton Wanderers - Newcastle United 1:1
1:0 Jimenez (81'), 1:1 Murphy (89')
De Favorit vu Wolverhampton huet no sëllege Chancen de Bann an der 81. Minutt duerch de Raoul Jimenez gebrach. Den Offensiv-Mann vun der Lokalekipp huet de Ball aus ronn 20 Meter an de Gol geschoss, säi 4. Gol an dëser Saison. Duergoe fir dëse Match ze wannen, ass et awer net, dat well de Murphy an der 89. Minutt dach nach den Ausgläich fir d’Visiteure markéiere konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Benevento Calcio - SSC Neapel 1:2
1:0 Insigne (30'), 1:1 Insigne (60'), 1:2 Petagna (67')
AC Florenz - Udinese Calcio 3:2
1:0 Castrovilli (11'), 2:0 Milenkovic (22'), 2:1 Okaka (43'), 3:1 Castrovilli (52'), 3:2 Okaka (86')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Metz - St.Etienne 2:0
1:0 Boulaya (5'), 2:0 Sissoko (Selbstgol: 78')
Metz gewënnt no Goler vum Boulaya a no engem Selbstgol vum Sissoko mat 2:0 géint St.Etienne. D’Lokalekipp huet domat hir gutt Form bestätegt, si sinn zanter 5 Matcher ongeschloen. De Resumé vum Match kënnt Dir bei de Kolleege vun RTL 5minutes noliesen.
Virun der Partie gouf de Niki Braun geéiert. De Lëtzebuerger hat 1973 mat Metz beim 5-1 géint Saint-Etienne, 4 Goler geschoss. Muer kritt de freieren Profi vun ënnert och Schalke, 70 Joer.
OGC Nice - OSC Lille 1:1
1:0 Dolberg (50'), 1:1 Yilmaz (58')
Den OSC Lille mam President Gérard Lopez huet um Sonndeg den Owend 1:1-Gläich géint Nice gespillt. Weider Resultater vun de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fannt Dir hei.