
E Samschdeg war an der 1. däitscher Bundesliga d’Suite vum 13. Spilldag, nodeems sech e Freideg Gladbach mat 3:1 géint Stuttgart behaapte konnt.
Den Iwwerbléck vum weideren internationale Futtball fannt Dir hei.
Am samschdegowes Match konnt sech Werder Bremen mat 2:1 géint Schalke duerchsetzen. No engem Gol vum Kral, dee wéinst Abseits zréckgeholl gouf, konnt de Füllkrug d’Lokalekipp an der 29. Minutt a Féierung bréngen. Schalke huet weider probéiert, ma och den zweete Goler ass duerch e Spiller am gréngen Trikot gefall. Den Duksch konnt sou an der 76. Minutt op 2:0 stellen. Zwar ass dem Drexler kuerz viru Schluss nach den Uschlossgol gelongen, dat war awer ze spéit fir nach eppes mat Heem ze huelen.
No enger ooreegender éischter Hallschent zu Berlin séchert Bayern sech mat enger 3:2-Victoire géint Hertha dräi Punkten. Nom 1:0 vum Musiala an zwee Goler bannent zwou Minutte vum Choupo-Moting, konnten de Lukebakio an de Selke nach virun der Paus fir d’Lokalekipp verkierzen an de Match domat nees spannend maachen. Nom Säitewiessel krut den däitsche Rekordmeeschter awer d’Féierung iwwert d’Zäit bruecht a klëmmt domat op mannst fir eng Nuecht un d’Tabellespëtzt.
Fir Bochum gouf et bei enger 0:3-Néierlag am Derby zu Dortmund näischt ze huelen. Zwee Mol de Moukoko an ee Mol de Reyna konnten de BVB scho virun der Paus an eng komfortabel Ausgangspositioun bréngen. Un der Féierung huet sech am zweeten Duerchgang dann näischt méi geännert a sou bleift de BVB an der Tabell un de Bayern an Union Berlin drun.
Fir Mainz gouf et Doheem dann eng 0:3-Defaite géint Wolfsburg. Trotz méi Undeeler um Match huet sech Mainz ouni de Leandro Barreiro no enger gudder hallwer Stonn en éischte Gol gefaangen. Den Arnold an de Baku hunn an de leschten 20 Minutte da mam 2:0 an 3:0 den Deckel op d’Partie gemaach.
An de weidere Matcher vum Samschdegmëtteg konnt sech Frankfurt mat 2:1 zu Augsburg duerchsetzen an Hoffenheim huet virun den eegene Spectateure mat engem 1:3 géint Leipzig de Kierzere gezunn.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.