Internationale FuttballBremen wënnt duerch e spéide Gol géint Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
Mat 2:1 huet sech den Opsteiger e Freideg den Owend an der Bundesliga behaapt.
De Füllkrug bei der 2:1-Victoire géint Hoffenheim
De Füllkrug bei der 2:1-Victoire géint Hoffenheim
© AFP

Fir den Optakt vum 9. Spilldag an der däitscher Bundesliga huet Bremen mat 2:1 (1:1) bei der TSG Hoffenheim gewonnen. Duerch d’Victoire zéien déi Bremer, déi auswäerts nach ongeschloe sinn, an der Tabell un Hoffenheim laanscht a leie mat 15 Punkten op d’mannst fir eng Nuecht op der véierter Tabelleplaz.

Fir de Succès hunn de Marvin Ducksch (18') an den Niclas Füllkrug (87', Eelefmeter no Videobeweis) gesuergt. D’TSG huet dogéint duerch déi éischt Heemnéierlag de Sprong op déi zweet Plaz verpasst. Dorunner huet och de Gol vum Munas Dabbur (32') näischt geännert.

Fir de Füllkrug war et iwwerdeems deen 8. Gol am 9. Ligamatch.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der franséischer Ligue 1 ass Olympique Lyon géint den FC Toulouse net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. No véier Néierlage gouf et fir Lyon op d’mannst emol nees ee Punkt. Den Tete hat d’Lokalekipp an der 2. Minutt a Féierung bruecht. An der 67. Minutt war de Gäscht den 1:1 duerch de Ratao gelongen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1Am belsche Championnat huet de Leader Royal Antwerpen mat 2:0 géint St. Truiden gewonnen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Pro League

Back to Top
CIM LOGO