Champions LeagueBruges, Neapel a Bayern stinn an der 1/8-Finall, Barca an Inter spille gläich

RTL Lëtzebuerg
Am Spëtzematch vum Grupp C spillt Inter Mailand beim FC Barcelona 3:3 gläich. Domadder behale béid Ekippe sech all Chance fir d'1/8-Finallen op.
© THOMAS COEX / AFP

E Mëttwoch den Owend sinn um véierte Spilldag vun der Champions-League-Gruppephas weider Decisioune gefall. Esou steet den SSC Neapel no der 4:2-Victoire géint Ajax Amsterdam an der 1/8-Finall. Do steet och den FC Bayern München, dee sech an Tschechien souverän mat 4:2 géint Viktoria Pilsen duerchsetze konnt. Club Bruges ass iwwerdeems en 0:0 bei Atletico Madrid duergaangen, fir sech fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren. Déi belsch Ekipp dierft domadder wuel fir déi gréissten Iwwerraschung an der Gruppephas gesuergt hunn.

Weider dréint Liverpool de Match géint d’Rangers aus Schottland a Leverkusen verléiert doheem mam neien Trainer Alonso 0:3 géint Porto. Och Frankfurt zitt am Match géint d’Spurs de Kierzeren.

4. Spilldag Championsleague Gruppephas / Rep. Guy Seyler

Grupp C

FC Barcelona - Inter Mailand 3:3
1:0 Dembelé (40'), 1:1 Barella (50'), 1:2 Martinez (63'), 2:2 Lewandowski (82'), 2:3 Gosens (89'), 3:3 Lewandowski (90'+2)

Bescht Zeenen aus dem Match Barcelona - Inter Mailand
No 90 intensive Minutten trenne sech Barca an Inter mat engem 3:3.

D’Spectateure kruten am Camp Nou en intensive Match tëscht zwou Ekippen ze gesinn, déi mat vollem Kierperasaz dobäi waren. An deenen éischte 45 Minutten ass et op an of gaangen a béid Formatiounen hu probéiert, sech eng sëllege Golchancen erauszespillen. Barcelona ass dobäi virun allem duerch Schëss aus der Distanz geféierlech ginn. Esou huet de Raphinha an der 27. Minutt säi Gléck aus der Distanz probéiert, mä säi Schoss konnt a leschter Minutt vun engem Defenseur vum Inter an den Aus deviéiert ginn. An der 30. Minutt hat dem Sergi Roberto säi Wäitschoss den Onana a Schwieregkeete bruecht, deen dësen allerdéngs kläre konnt. An der 37. Minutt huet de Lewandowski de Raphinha mat enger Flank schéin an Zeen gesat. Mä dem Brasilianer säi Volley war allerdéngs net cadréiert, soudatt den Onana net huet missen agräifen. Op Säite vum Inter hate wuel den Dzeko an der 16., respektiv den Dumfries an der 28. Minutt déi beschten Occasiounen. Mä den Dzeko konnt dem Calhanoglu seng Fräistouss-Flank just op d’Lat bréngen an dem Dumfries säi Schoss no engem séiere Konter war ze zentral op de Golkipp geschoss, soudatt och den Inter seng Chancen net ausnotze konnt.

An der 40. Minutt konnt Barcelona duerch den Dembelé dunn awer a Féierung goen. Dëst nodeems de Fransous duerch dem Sergi Roberto seng flaach Flank vu riets schéin an Zeen gesat gouf. Den Dembelé huet de Ball just nach an de Gol missen drécken. D’Defense vum Inter ass doropshi ferm geschwommen an huet sech mat engem 0:1-Réckstand an d’Paus gerett.

Nom Säitewiessel hu sech béid Formatioune keng Zäit zum Ootme gelooss. Allebéid hu se probéiert, déi géigneresch Defense direkt ënner Drock ze setzen. Allerdéngs ass dëst Inter Mailand besser gelongen. Esou konnt de Barella an der 49. Minutt e Stellungsfeeler vum Piqué no engem laange Ball vum Bastoni ausnotzen an den 1:1 fir seng Faarwe markéieren. Doropshin huet den Inter de Match dominéiert a sech eng sëllege Golchancen erausgespillt. Barcelona huet net méi esou richteg an de Match fonnt, soudatt Inter Mailand an der 63. Minutt am Numm vum Martinez op 2:1 erhéije konnt. Barcelona war doropshi sichtlech geschockt an huet réischt an der 70. Minutt duerch de Lewandowski probéiert, op de Réckstand ze äntweren. Mä dem Lewandowski säi Gol gouf wéinst enger Abseitsstellung oferkannt. No dësem vermeintleche Gol ass Barcelona nees méi aktiv ginn. Si hunn d’Defense vum Inter konsequent ënner Drock gesat an hunn duerch de Lewandowski de verdéngten Ausgläich an der 82. Minutt markéiert.

Deemno war alles fir eng verréckte Schlussphas preparéiert. Barcelona huet alles no vir geheit an huet probéiert, fir den 3:2 ze markéieren. Mä dëst sollt hinnen net geléngen, am Géigendeel. An der 89. Minutt konnt de Gosens nämlech den 2:3 fir Inter Mailand schéissen. Barcelona huet sech allerdéngs net opginn an huet duerch de Lewandowksi an der 92. Minutt nach eng Kéier den Ausgläich geschoss. Duerno hu béid Ekippe sech näischt geschenkt a si hu weider probéiert, de Match fir sech z’entscheeden. An der 94. Minutt hat Barcelona Chance, datt den Ter Stegen seng Ekipp mat enger sensationeller Parad am Match gehalen huet, soudatt béid Formatioune sech no engem verréckte Match mat engem 3:3-Remis trennen.

Viktoria Pilsen - Bayern München 2:4
0:1 Mané (10'), 0:2 Müller (14'), 0:3 Goretzka (25'), 0:4 Goretzka (35'), 1:4 Vlkanova (62'), 2:4 Kliment (75')

De Resumé vum zweete Match am Grupp C
Bayern gewënnt mat 4:2 zu Pilsen.

Grupp A

SSC Neapel - Ajax Amsterdam 4:2
1:0 Lozano (4'), 2:0 Raspadori (16'), 2:1 Klaassen (49'), 3:1 Kvaratskhelia (62', Eelefmeter), 3:2 Bergwijn (83', Eelefmeter), 4:2 Oshimen (89')

Rangers - Liverpool 1:7
1:0 Arfield (17'), 1:1 Firmino (24'), 1:2 Firmino (55'), 1:3 Darwin (66'), 1:4 Salah (75'), 1:5 Salah (80'), 1:6 Salah (81'), 1:7 Elliott (87')

De Resumé vun de Matcher aus der Grupp A
Neapel gewënnt souverän géint Ajax Amsterdam. D’Rangers komme géint Liverpool ënnert d’Rieder.

Grupp B

Atletico Madrid - Club Bruges 0:0

Bayer Leverkusen - FC Porto 0:3
0:1 Galeno (6'), 0:2 Taremi (53', Eelefmeter), 0:3 Taremi (64', Eelefmeter)

De Resumé vun de Matcher aus der Grupp B
Bruges qualifizéiert sech géint Atletico. Leverkusen verléiert doheem géint Porto.

Grupp D

Sporting Lissabon - Marseille 0:2
0:1 Guendouzi (20', Eelefmeter), 0:2 Sanchez (31')

Tottenham - Eintracht Frankfurt 3:2
0:1 Kamada (14'), 1:1 Son (20'), 2:1 Kane (28', Eelefmeter), 3:1 Son (36'), 3:2 Alidou (87')

De Resumé vun de Matcher aus der Grupp D
Tottenham gewënnt mat 3:2 géint Frankfurt. Marseille gewënnt auswäerts géint Sporting.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO