Internationale FuttballBVB klappt Bremen, Atalanta mat 3 Punkte géint Juve

RTL Lëtzebuerg
Paräis gewënnt no geckege Schluss-Minutte mat 3:2 géint St. Etienne a Metz spillt 0:0 géint Reims. Arsenal spillt nëmmen 1:1 géint Fulham.
© AFP

Iwwerdeems stinn um Sonndeg och eng sëlleg Lëtzebuerger Futtballer fir hier Ekippen um Terrain.

Bundesliga

Borussia Dortmund - Werder Bremen 4:1
0:1 Rashica (14'), 1:1 Reyna (29'), 2:1 Haaland (34'), 3:1 Haaland (38'), 4:1 Hummels (87')

Dortmund konnt aus der Néierlag vu Frankfurt géint Gladbach Kapital schloen a ka sech weider Hoffnunge maachen um Enn awer deenen éischte Véier an der Tabell an der domaddeger Champions League Qualifikatioun maachen. Nodeems de Rashica de BVB an der 14. Minutt geschockt huet, sinn d’Westfalen an der Suite erwëscht an hunn nach virun der Paus de Match zu hire Gonschten dréine konnten. An der zweeter Hallschent hat Bremen wuel Geleeënheeten, zeréck an de Match ze kommen, hunn hir Chancen awer net notze konnten. An esou huet den Hummels kuerz viru Schluss den Deckel zougemaach. Dortmund läit elo 4 Punkten hannert Frankfurt op der 5. Plaz.

Mainz 05 - Hertha BSC Berlin

Well déi komplett Ekipp vun Hertha BSC Berlin wéinst positive Coronafäll bei Spiller a Staf a Quarantän geschéckt gouf, huet DFL de Match tëschent Mainz a Hertha ofgesot. Wéini de Match nogeholl gëtt, ass nach net kommunizéiert ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

FC Arsenal - FC Fulham 1:1
0:1 Maja (59'), 1:1 Nketiah (90+7')

Arsenal London ass nëmme ganz knapps enger Blamage entkomm a kënne sech beim Nketiah bedanken, dass um Enn op d’mannst 1 Punkt zu Buch steet. Laang huet et nom Gol vum Maja nämlech dono ausgesinn, wéi wann Fulham fir d’Iwwerraschung kéint suergen. Trotz dem 1:1 bleift Arsenal weider am Mëttelfeld vun der Premier League hänken.

Manchester United - FC Burnley 3:1
1:0 Greenwood (48'), 1:1 Tarkowski (50'), 2:1 Greenwood (84'), 3:1 Cavani (90+3')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AC Mailand - CFC Genua 2:1
1:0 Rebic (13'), 1:1 Destro (37'), 2:1 Scamacca (Selbstgol, 68')

Den AC Mailand huet zanter dem 07. Februar Doheem am Giuseppe-Meazza-Stadion net méi konnte gewannen. Mat Hëllef vum Scamacca sengem Selbstgol sollt dës Statistik um Sonndeg de Mëtten awer zu Enn goen. Eng 100 % iwwerzeegend Leeschtung ouni den Zlatan Ibrahimovic war et vum AC awer net, och wann de Rebic kuerz no der Paus de Score hätt missen op 2:0 erhéijen. Genua huet engagéiert gespillt, sech mam Eegegol awer selwer em Punkte bruecht.

Atalanta Bergamo - Juventus Turin 1:0
1:0 Malinovsky (87')

20 Joer ass et hier, dass Atalanta fir d’lescht géint déi al Damm konnt gewannen. An och um Sonndeg huet et dono ausgesinn, wéi wann dat net de Fall wier. 3 Minutte viru Schluss huet dunn awer d’Stonn vum Malinovsk geschloen. Bergamo gewënnt deemno mat 1:0 géint Juventus Turin a steet an der Tabell elo mat 2 Punkte viru Juve op der 3. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Paris St. Germain - AS St. Etienne 3:2
0:1 Bouanga (78'), 1:1 Mbappe (79'), 2:1 Mbappe (87'), 2:2 Hamouma (90+2'), 3:2 Icardi (90+5')

Wat e geckege Match! Trotz enger iwwerleeëner Leeschtung vu Paräis huet et fir e kuerze Moment no enger fauschtdécker Iwwerraschung am Parc des Princes ausgesinn. No engem Zouspill an der 78. Minutt vum Trauco huet de Kimpembe an der Zentral net all ze gutt ausgesinn, sou dass de Bouanga aus kuerzer Distanz de Ball an de Filet konnt schéissen. Vu laanger Dauer sollt des Féierung awer net sinn. De Kylian Mbappé huet direkt am Géigenzuch fir d’Lokalekipp ausgeglach, éier de Stiermer ronn 10 Minutte méi spéit de Match mam 2:1 gedréint huet. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit ass dunn awer St. Etienne tatsächlech nach den Ausgläich duerch den Hamouma gelongen. Mä och dat sollt de Gäscht net duergoen. 2 Minutte méi spéit huet de agewiesselten Icardi nach den 3:2 fir de PSG geschoss. No enger dramatescher Schlussphas läit de Réckstand vu Paräis elo bei 1 Punkt, dat, well Lille e Freideg nëmmen 1:1-Gläich géint Montpellier gespillt huet.

Stade Reims - FC Metz 0:0

De Resumé vum 0:0-Gläich vu Metz zu Reims kënnt Dir bei de Kolleege vu 5minutes noliesen.

Girondins Bordeaux - AS Monaco 0:3
0:1 Vollany (29'), 0:2 Martins (47'), 0:3 Jovetic (90')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - FC Sevilla 1:2
1:0 Fernandez (5'), 1:1 Fernando (22'), 1:2 En Nesyri (24')

Obwuel béid Ekippen op de Plaze 4 (Sevilla) a 5 (Real Sociedad) leien, trenne béid Ekippen no der 2:1 Victoire vun den Andalusier géint San Sebastien an der Tabell 17 Punkten. Fir Sevilla geet et weiderhin ëm d’Meeschterschaftskroun.

Atletico Madrid - SD Eibar 5:0
1:0 Correa (42'), 2:0 Correa (44'), 3:0 Carrasco (49'), 4:0 Llorente (53'), 5:0 Llorente (68')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO