D’Céleste Mordenti stoung ganz uewen um Podium vun der 2. Editioun vun de Luxembourg Open am Konschtturnen. Nieft der Victoire ass et der Lëtzebuergerin och gelongen, fir fir d’éischte Kéier an hirer sportlecher Karriär am Total vun de véier Geräter iwwert der magescher Grenz vun de 50 Punkten ze sinn.
Dës international Kompetitioun war och eng gutt Preparatioun fir d’Europameeschterschaft zu Rimini an Italien an 3 Wochen.
Do ass de Quentin Brandenburger net am Asaz. D’Lux Open war fir den 21 Joer ale Sportler déi eenzeg Kompetitioun fir dëst Joer. Nom Bac mécht de Quentin eng Ausbildung als Sportzaldot an duerno geet et mat Vollgas mam Turne virun. D’Lux Open ware fir hie mat ënnerschiddlechen Emotioune gefëllt. Eng mëttelméisseg Performance um Buedem an eng exzellent un de Réng.
Bei de Lux Open sinn och d’Lëtzebuerger Champione gesicht ginn. Dass souwuel d’Céleste Mordenti, wéi och de Quentin Brandenburger d’Titele bei de Seniore gewonnen hunn, ass keng Iwwerraschung.
Fir de Roman Foley waren d’Luxembourg Open déi éischt international Kompetitioun bei de Senioren. Deemno eng gutt Geleeënheet fir hien, fir Erfarung ze sammelen. Och bei der Jugend dréit d’Opbauaarbecht vun der Federatioun Friichten an esou eng international Kompetitioun ass eng wichteg Etapp um Wee no uewen.