Elo offiziellChampions League zu Lissabon, Europa-League-Finall zu Köln

RTL Lëtzebuerg
D'Champions League gëtt integral zu Lissabon gespillt, de Rescht vun der Europa League ass zu Düsseldorf, Gelsenkirchen, Duisburg a Köln.
Champions League zu Lissabon, Europa-League-Finall zu Köln
D’Champions League gëtt integral zu Lissabon gespillt, de Rescht vun der Europa League ass zu Düsseldorf, Gelsenkirchen, Duisburg a Köln.

D’Finall gëtt deen Ament och zu Köln gespillt, dat huet den Exekutivcomité vun der Uefa e Mëttwoch de Mëtteg decidéiert.

Béid Kompetitioune gi vun der Véierelsfinall un op de jeeweilege Plaze gespillt an dat natierlech ouni Spectateuren.

Onkloer bleift nach, wat mat de 4 Aachtelsfinalle vun der Champions League geschitt, déi nach ze spille bleiwen, hei steet wuel den Datum vum 7. an 8. August fest, mä et weess een nach net, ob d’Matcher kënnen an der jeeweileger Stad vun der Heemekipp gespillt ginn oder och schonns a Portugal.

Vun der Véierelsfinall un ass dann awer alles anescht. Deen Ament gëtt d’Kinneksklass an d’Europa League nämlech an Turnéierform op en Enn gespillt. Vum 12. bis den 23. August gëtt da fir all ronn just ee Match gespillt, also ouni Retourmatcher.

D’Qualifikatioun fir d’Champions League an d’Europa League fir déi nei Saison gëtt och just an engem Match gespillt. Aus Lëtzebuerger Sicht sinn hei d’Fola, Nidderkuer, Déifferdeng an Titus Péiteng concernéiert. Dës Matcher sollen den 18. August ugoen.

D’Nations-League-Matcher bléiwe fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp wéi geplangt bestoen. Den Optakt ass de 5. September am Aserbaidschan an den 8. September heiheem géint Montenegro.

Fir d’Europameeschterschaft d’nächst Joer goufen déi 12 Stied uechter Europa confirméiert. Den Tournoi ass vum 11. Juni bis den 11. Juli.

PDF: Dat komplett Schreiwes vun der Uefa

Back to Top
CIM LOGO