Ironman zu RéimechChampionstitel fir den Tom Schmit an d’Sally Dickes

RTL Lëtzebuerg
Op der Musel ass e Sonndeg déi 10. Editioun vum Ironman organiséiert ginn. Iwwert déi laang Distanz ass de Lëtzebuerger Championnat ausgedroen ginn.

Bei der 10. Editioun vum Ironman 70.30 op der Musel hu sech den Tom Schmit an d’Sally Dickes de Championstitel iwwert déi laang Distanz am Triathlon geséchert.

Bei den Hären huet den Dän Miki Taagholt gewonnen. Hien hat e Virsprong vun enger Minutt a 27 Sekonnen op de Christophe De Keyser aus der Belsch. Drëtten ass de Portugis Filipe Azevedo ginn. Hien hat e Retard vun 2 Minutten an 22 Sekonnen. Den Tom Schmit huet 4 Stonnen, 41 Minutten an 19 Sekonnen gebraucht.

Bei den Damme war d’Victoire fir d’Karen Schultheiss aus der Schwäiz. Si huet sech mat engem Virsprong vun 9 Minutten 01 respektiv 11 Minutten 28 virum Mariana Marques aus Portugal an dem Oria Liaci aus der Schwäiz behaapt. D’Sally Dickes huet 5 Stonnen, 11 Minutten an 13 Sekonne gebraucht.

Iwwer 2.500 Athlete hunn e Sonndeg de Moien den Depart geholl.

D’Resultat vum Ironman fannt dir hei.

Resumé: Ironman zu Réimech
D’Championstitele si fir den Tom Schmit an d’Sally Dickes.

Back to Top
CIM LOGO