
Et ass den decisive Weekend fir déi zwee Lëtzebuerger Fechter Flavio Gianotte a Lis Rottler-Fautsch fir sech nach fir d’Olympesch Summerspiller zu Tokio ze qualifizéieren. Zu Madrid fält d’Decisioun e Samschdeg, respektiv e Sonndeg. D’Chancë fir deen eenzegen Ticket, deen nach ze kréien ass, sinn do, et gëtt awer fir déi zwee Fechter vun der Escrime Sud net einfach. D’Lis Rottler-Fautsch ass e Samschdeg am Asaz, um Flavio Gianotte ass et dann um Sonndeg.
D’Lis Rottler-Fautsch ass am Februar Mamm ginn. Duerno ass net méi vill Zäit bliwwen, fir sech nees ganz fit ze kréien. Fir déi 34 Joer al Spezialistin mam Deegen ass et de 4. Versuch fir op Olympesche Spiller dobäi ze sinn. Zu Madrid streiden sech 23 Konkurrentinnen ëm déi éischte Plaz, well just déi zielt fir sech fir Tokio ze qualifizéieren.
D’Sportlerin, déi mëttlerweil och beim COSL schafft, gëtt an der spuenescher Haaptstad als Nummer 3 gefouert. An der Weltranglëscht op der Plaz 40, sinn deemno just 2 Fechterinne besser klasséiert wéi d’Lëtzebuergerin. D’Chancë sinn also sécherlech do. Bei den Hären huet de Flavio Gianotte et do scho méi schwéier, virun allem och wëll de 25-Joer-alen Deege-Spezialist eng schwiereg Preparatioun hannert sech huet: “Mat der ganzer Pandemie konnte mer eis net virbereede wei mer wollten. Mir konnte keng Trainingspartner op Lëtzebuerg kréien. Ech hu probéiert dat bescht draus ze maachen, physesch an och op mentalem Plang.”
D’Konkurrenz fir deen eenzegen Ticket ass och bei den Häre grouss. 27 Fechter streiden sech ëm d’Schlussvictoire, de Flavio Gianotte: “26 dovu wäerten heemgoen an enttäuscht sinn. Ech gehéiere sécherlech net zu de Favoritten, ech sinn awer och net just do fir d’Plazen hannen opzefëllen. Ech hunn näischt ze verléieren, an da kucke muer wei et ausgeet. Ech gleewen drun soss bräicht et jo guer net dohin ze doen.”
Madrid ass déi lescht Chance fir sech nach fir d’Olympesch Spiller am Summer zu Tokio ze qualifizéieren.