Indoor-EM zu IstanbulCharel Grethen erkläert Forfait fir 1500 Meter

RTL Lëtzebuerg
Den FLA-Athlet Charel Grethen huet sech erkaalt a wëll sech nach e puer Deeg schounen.
© RTL Archivbild

De Charel Grethen wäert deemno en Donneschdeg den Owend net un den Depart vun de Serien iwwer 1500 Meter bei der Indoor-Europameeschterschaft zu Istanbul goen. De Lëtzebuerger Athlet wëll sech wéinst enger Erkältung nach e puer Deeg schounen, ier hien dann iwwer 3.000 Meter un den Depart geet.

E Samschdeg sinn d’Serien iwwer dës Distanz, iwwerdeems d’Finall fir e Sonndeg den Owend programméiert ass.

Charel Grethen erkläert Forfait fir 1500 Meter
Den FLA-Athlet Charel Grethen huet sech erkaalt a wëll sech nach e puer Deeg schounen.

RTL-NEWS: Programm vun der Lëtzebuerger Delegatioun op der Indoor-EM zu Istanbul

Back to Top
CIM LOGO