Liichtathletik-Meeting zu MetzCharel Grethen leeft neie Landesrekord

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger leeft iwwer 3000 Meter mat 7 Minutten an 43 Sekonnen eng nei Indoor-Beschtzäit.
Charles Grethen leeft neie Landesrekord
De Lëtzebuerger leeft iwwer 3000 Meter mat 7 Minutten an 43 Sekonnen eng nei Indoor-Beschtzäit.

Beim Liichtathletik-Meeting zu Metz ass de Charel Grethen um Samschdeg no 7 Minutten an 43 Sekonnen iwwer d’Arrivée gelaf. Mat deem Chrono gouf den CSL-Athleet de Véierten. Den 30 Joer ale Mëttelstreckeleefer huet domat säin eegene Rekord vun zejoert ëm 5 Sekonnen an 19 Honnertstel pulveriséiert.

Gewonne gouf d’Course vum Yann Schrub aus Frankräich an enger Zäit vu 7 Minutten a 40 Sekonnen. Insgesamt ware 15 Leefer un den Depart gaangen an duerch d’Presenz vun engem Pace Maker hate sech d’Leefer op eng séier Course agestallt. E groussen Deel vun der Course louch de Charel Grethen op der véiertleschter Plaz, mee fënnef Ronne viru Schluss huet de Lëtzebuerger sech no vir geschafft a sech souguer un d’Spëtzt gesat. Um Enn sollt et fir d’Victoire net duergoen, mee de Meeting zu Metz war eng gutt Preparatioun fir Indoor-Europameeschterschaft an dräi Wochen zu Istanbul. Do wäert de Charel Grethen op der Distanz iwwer 1500 Meter untrieden.

De Charel Grethen war op Besuch am Studio
No sengem Exploit zu Metz beim Indoormeeting war de Charel beim Tim Hensgen am Interview.

RTL-Artikel: Grethen a Weicherding mat nationale Rekorder: Réckbléck op de Liichtathletik-Indoormeeting zu Metz

Back to Top
CIM LOGO